On

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
On
Vue op On
Vue op On
An anere
Sproochen:
fr: Ahn
de: Ahn
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Gréiwemaacher
Kanton: Gréiwemaacher
Gemeng: Coat of arms wormeldange luxbrg.png Wuermeldeng
Buergermeeschter: Jean Beining
Awunner Uertschaft: 208
(2005)
Koordinaten: Gnome-globe.svg49° 37’ 41’’ N
     06° 25’ 20’’ O
Uertschaften - Gemengen - Stied

On ass eng Wënzeruertschaft an der Gemeng Wuermeldeng.
Si läit mam ënneschten Deel vun der Uertschaft laanscht der Musel an der Nationalstrooss 10. Vun der Musel, op enger Héicht vun 140 Meter, zitt d'Uertschaft sech no Westen duerch den Dall vun der Donwerbaach bis op eng Héicht vun 200 Meter.
Ausser der Nationalstrooss ass On un de Verkéier ugeschloss iwwer den CR142, dee vum Potaaschbierg iwwer Fluessweller féiert an zu On op d'N10 stéisst.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft On (Ahn), ass fréier och nach Aen oder Ayn genannt ginn.
Den Numm Ahn staamt, Etymologen no, aus dem Kelteschen, Anam am laténgesche paludem also eng Supp. Eng Supp, déi d'Donwerbaach, op der nach net bebauter Plaz vum haitegen Duerf, gebilt hat .
Bei verschiddenen Ausgruewunge goufen Iwwerreschter aus der Réimerzäit fonnt, déi op eng réimesch Presenz an där Géigend hiweisen. Beim Bau vun engem Haus war 1873 e réimescht Graf mat enger Urn, an 1875 e Millesteen an de Wéngerten tëscht On a Meechtem fräigeluecht ginn. Enn 1970 beim Bau vun der Strooss tëscht On a Meechtem koumen an den Häng Reschter vun engem réimesche Bad zum Virschäin. Ruinen um Pällembierg an de Réimesche Schatz vu Meechtem-On si méi rezent Bewäiser.

Dokumentaresch gëtt den Haff On, „Curia de Ana“, fir d'éischt am Mee 1245 ernimmt. Et ass en Testament vum Alexander, Här vun Zolwer, an deem e festleet, datt seng zwéin Neveuen, d'Ritteren Anselm an Dietrich, no sengem Doud, Recetten, iwwer 200 Metzer Pënner, aus der Ierfschaft vun den Häff, On, Fluessweller, Téiteng, Keel an der Kuer, aarme Leit iwwerloosse mussen. Den Zolver Hären hir Muselgidder waren Domaine vun de Grofe vu Lëtzebuerg, déi als Vogt vum Äerzbistum Tréier gewierkt hunn. Dofir gëtt ugeholl, datt déi och virdru Besëtzer vun On waren.

D'Nimm vun etlechen Eegentemer vun der Uertschaft am Laf vun den nächsten Dekade gëtt duerch verschidde Schrëftstecker dokumentéiert:

Sou am Januar 1358, wou den Herzog Wenzel I. vu Lëtzebuerg, Gréiwemaacher en éiwege Wochemaart zougesteet. Vertrieder vun den 41 Dierfer aus dem Beräich vum Geriichtszentrum Gréiwemacher, ënner anerem On, hunn obligatoresch missen donneschdes um Maart vertruede sinn.

Duerch den Akt vum 9. Juli 1376 verkeeft den Heinrich, Här vu Lampech a seng Fra d'Sophia vun Zolwer dem Ludwig vu Maacheren, Probst zu Lëtzebuerg, d'Dierfer Fluessweller an On. Aner dokumentéiert Besëtzer waren deelweis Membere vun den Herrschafte vun Doosber, Réiser, Hamm a Gréiwemaacher. No enger Peschtepidemie 1545 gëtt On 1552, wéi och vill aner Miseler Uertschaften, vum Kinnek Henri II. vu Frankräich sengem Alliéierten, dem Markgrof Albrecht von Brandenburg, zerstéiert. 1596 ass et eng riseg Iwwerschwemmung, déi d'Oner péngegt.

De 17. Oktober 1626, an der Zäit wou d'Herrschaft vu Wëncher d'Soen hat, kritt den Haff On, op Virschrëft vum Conseil Provincial zu Lëtzebuerg, säin eegent Gewunnechtsrecht, och Weistum genannt.

Op Uerder vun der Keeserin Maria Theresia vun Éisträich gëtt 1766 eng Opzielung vun alle Gidder am Herzogtum Lëtzebuerg gemaach. D'Lännereien hu sech dee Moment sou zesummegesat :

Hektar
Akerland 111,20
Wéngerten 8,65
Gäert a Bongerten 3,53
Wisen a Weeden 1,92
Bëscher an Hecken 108,22
Brochland 0,42
Total 233,94

Dobäi kënnt nach eng Millen an 19 Haiser mat 105 Awunner. Et fält op datt et an dëser Zäit nëmmen dräi Wéngerten zu On gouf, op der Uet, am Hang an um Pällembierg. On war éischter e Bauere- wéi e Wënzerduerf.

De Wäibau zu On[änneren | Quelltext änneren]

Enn 19. ufanks 20. Joerhonnert, an der Zäit, wou Lëtzebuerg zum Däitschen Zollveräin gehéiert, hëlt de Wuelstand zou. Vill Wäin an Drauwe ginn iwwer d'Grenz an Däitschland exportéiert. Et ass dat haaptsächlech Elbling, deemools och Kleinbeeriger genannt. D'Rieslingsdrauf ass déi Zäit nach extrem rar. Vun 1932 un gëtt eréischt Muskat a Gewürztraminer ugebaut. D'Preisen hunn den éischter saierzege lëtzebuergesche Wäin fir d'Fabrikatioun vun hirem Sekt oder Schampes benotzt. Och déi Oner selwer hunn ufanks dem 20. Joerhonnert ugefaangen den éischte Schampes ze produzéieren. Kaarte vun der Akerbauverwaltung aus dem Joer 1910 weise fir On a Meechtem zesummen 190 Hektar Akerland an 170 Hektar Wéngerten. D'Awunnerzuel vun On geet op 400 Leit erop. Vill vun den haitege Wënzerhaiser, déi nei Kierch an de Kierfecht ginn an där Zäit gebaut.

Nom Éischte Weltkrich, nom Enn vum Däitschen Zollverein kënnt et zu enger Kris am Wäibau, déi bis wäit nom Zweete Weltkrich dauert. Zu On wéi op der ganzer Musel spillt d'Landwirtschaft erëm grad sou eng grouss Roll wéi de Wäibau. D'Wënzer mierken datt si nëmme méi eng Chance hunn, wann si méi op d'Qualitéit wéi op d'Quantitéit setzen. Dofir kënnt et zu On schonn an de Fofzegerjoren zu fräiwëlle Regruppementer vu klenge Parzellen duerch Tosch. Sou ass et normal datt, de Remembrement vun den Oner Wéngerten den éischten ass, deen nom Remembrementsgesetz vum 25. Mee 1964, realiséiert gëtt. Fir dëse Remembrement ze verwierkleche muss déi ganz Zon ageriicht ginn. Bei den Aarbechten, déi méi wéi 5 Joer dauere muss Buedem transportéiert a planéiert ginn, Stëtzmauren an nei Weeër gebaut ginn, Waasserleitungen ëmgeluecht ginn fir e Gesamtbetrag vun 156 Millioune Frang. Dat deelweis Planze vun neie Riewe kascht nach emol 618.000 Frang pro Hektar, woubäi den Nationalen Agrarfong a Bréissel, där extra dofir gegrënnte Riewenubau Genossenschaft, e groussen Deel bäileet. D'Resultat ass:

Virum Remembrement Nom Remembrement
Zuel vun de Parzellen 1.809 347
Duerchschnëttlech Gréisst vun enger Parzell 7,20 Ar 37,50 Ar
Gesamtlängt vun de Weeër 2,1 Km 4,5 Km

Wäin[änneren | Quelltext änneren]

Déi wichtegst Wéngerten zu On:

  • Gellebour
  • Palmberg
  • Pietert
  • Vogelsang

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]