Onofhängegkeetserklärung vun de Vereenegte Staate vun Amerika

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Originaldokument vun der Onofhängegkeetserklärung (Juli 1776)

An der Onofhängegkeetserklärung vun de Vereenegte Staate vun Amerika (engl.: Declaration of Independence; offiziell: The Unanimous Declaration of The Thirteen United States of America) hunn déi dräizeng britesch Kolonien an Nordamerika de 4. Juli 1776 proklaméiert, datt s'ewell net méi zum Groussbritannien gehéiere géifen an hiert Recht, en eegene souveräne Staatebond ze forméieren. Den Text, dee gréisstendeels vum Thomas Jefferson geschriwwe gi war an dee vum Zweete Kontinentalkongress adoptéiert gouf, gëllt als Grënnungscharte vun den USA an ass ee vun deenen Dokumenter vun der demokratescher Staatsphilosophie déi am meeschte Muecht etabléieren.

Als Independence Day ass de 4. Juli bis haut den Nationalfeierdag vun den USA.

Inhalt[änneren | Quelltext änneren]

D'Declaratioun vun der Onofhängegkeet besteet aus dräi Deeler: An der Präambel – dem éischten a bekanntsten Deel – leet se fest, wat fir Mënscherechter en Individuum huet, déi em net kënnen ewechgeholl ginn (baséiert um John Locke senger Philosophie an um Naturrecht) a wéini e Vollek d'Recht huet, eng al duerch eng nei Regierungsform z'ersetzen. Am zweeten Deel gi konkret Handlunge vun der britescher Kroun opgezielt, mat deenen se déi nateirlech Rechter an d'Rechter vun de Kolonisten dauerhaft an zolidd verletzt hätt, sou datt déi leschtgenannten hir net méi ze follege bräichten. Den drëtten Deel, d'Schlusserklärung besteet aus der Konklusioun, datt et noutwendeg wier, sech vun der britescher Metropol ze léisen, an datt et vum Naturrecht hier legitiméiert wier, datt déi 13 Kolonie vun elo un d'Recht an Usproch huele géifen, als onofhängeg a souverän Staaten ze handelen.

Fir den integralen Text, kuckt ënnen de Link.

Ënnerschriwwe gouf d'Deklaratioun vun;

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Angela Adams, Willi Paul Adams (Hrsg.): Die Amerikanische Revolution und die Verfassung 1754–1791. Deutscher Taschenbuch-Verlag, München 1987, ISBN 3-423-02956-0, (dtv 2956 dtv-Dokumente).
  • Jürgen Heideking: Das Lösen der Bande: Die Formulierung der Unabhängigkeitserklärung und der Verfassung. In: Zeitverlag Gerd Bucerius GmbH & Co.KG (Hrsg.): DIE ZEIT Welt- und Kulturgeschichte in 20 Bänden., Band 10, S.492–504.
  • Pauline Maier: American Scripture. Making the declaration of independance. Knopf, New York NY 1997, ISBN 0-679-45492-6 (Borzoi Book).
  • Joachim Rohlfes: Die Unabhängigkeitserklärung der Vereinigten Staaten. In: Geschichte in Wissenschaft und Unterricht 47, 1996, ISSN 0016-9056, S. 31–50.

Weblinks[änneren | Quelltext änneren]