Onofhängegkeetsmonument Beidler

Vu Wikipedia
D'Onofhängegkeetsmonument vun 1939 zu Beidler.
De Sockel vum Stee mam Relief vun der Muttergottes.
Déi riets Säit vum Monument.
Déi lénks Säit vum Monument. Riets uewen am Bild, verschwommen: e Maste vum Sender vu Beidler.

D'Onofhängegkeetsmonument zu Beidler gouf 1939, bei der Geleeënheet vun der Feier vun der 100-järeger Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg ageweit. D'Monument steet laanscht d'Strooss, an enger klenger Parkanlag, vis-à-vis vun der Kierch vu Beidler.

D'Monument[änneren | Quelltext änneren]

Um zirka 1,50 Meter héije Monument aus Steen ass e Relief mat der Muttergottes, mat Flilleken an engem Hellegeschäin ze gesinn. Drënner ass de Wope vu Lëtzebuerg mam Roude Léiw. Um Sockel steet, an der Schreifweis vun deemools:

DU GUTT LE'W MAMM
HÂL IWER ONS DENG MÄCH-
TEG HAND, BEWÂCH ONST KLENGT
LE'FT HEMECHTSLAND

Op der rietser Säit vum Monument steet: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn.
Op der lénkser Säit, an engem Rondel, steet: 1839 1939.

D'Plaz vum Monument[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument gouf 1939 nieft dem Haus Mertens-Erpelding opgeriicht. Duerno koum et virun d'Paschtoueschhaus, bis et spéider op der haiteger Plaz, do wou fréier déi al Molkerei stoung, opgeriicht gouf.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme, s.d. [2006]. Das "Onofhängegkeets-Denkmal". In: Beidler fréier an haut. Erausgi vum Kiercherot vu Beidler, Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg, 264 S. (Cf. S. 41).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Onofhängegkeetsmonument Beidler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Beidler fréier an haut, 2006.