ons stad
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft ons stad. Fir déi südafrikanesch Wochenzeitung mam selwechten Numm, kuckt w.e.g. Ons Stad (Südafrika). |
ons stad ass eng Zäitschrëft déi vun der Gemengeverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg editéiert gëtt. D'Zäitschrëft am DIN A4-Format ass a Quadrichromie op Couchéspabeier gedréckt a gëtt gratis un d'Stéit vun der Stad Lëtzebuerg verdeelt.
Déi éischt Nummer koum am Juni 1979[1] eraus. Zënter 1981 ass de René Clesse Redakter vun der Zäitschrëft.
Ufank Dezember 2009 ass ons stad online gaangen: all Ausgaben, vun 1979 un, kënnen um Spaweck virtuell duerchbliedert ginn. Och d'Erofluede vun den Artikelen ass méiglech.
Referenzen [änneren]
- ↑ r.cl. (René Clesse): Dreißigster Geburtstag von ons stad. ons stad Nr 91 Juli 2009, S. 1.