Ootmung
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënnert Ootmung versti Physiologen déi verschidde Prozesser déi et engem Organismus erlaben, Oxygène (O2) z'absorbéieren a Kuelendioxid (CO2) ofzegin. Et handelt sech also em eng Aart Gasaustauch. D'Planzen am Géigesaz absorbéieren CO2 a ginn (duerch Photosynthes) O2 un hir Ëmwelt of.
An der Zell bezeechent d'Wuert Ootmung ee Prozess dee sech an den Zellen ofspillt. Zocker (virun allem ënnert Form vu Glucos) gëtt ofgebaut an et entsteet ATP (Adenosintriphosphat), an Ofbauprodukter wéi CO2 an H2O. ATP ass eng vun de Formen ënnert deenen Energie an den Zellen gespäichert gëtt. Dëse Virgang vun der Zellootmung geschitt an den Mitochondrie vun der Zell.
Et ënnerscheet ee 4 verschidden Type vun (physiologescher) Ootmung:
- Longen-Ootmung - z. B. beim Mënsch oder Mamendéieren
- Haut-Ootmung' - z. B. beim Wuerm, oder Amphibien
- Branchial/Kiemen-Ootmung' - z. B. bei de Fësch a Schuelendéieren
- "Respiration trachéenne" - z. B. bei den Insekten
Anatomesch Beschreiwung vum mënschlechen Ootmungs-Apparat [änneren]
De mënschlechen Ootmungs-Apparat besteet aus der Nues, dem 'Pharynx', dem 'Larynx', dem Loftrouer, de Bronchien an de Longen, déi de Gasaustauch erméiglechen.