Op Kneiff

Vu Wikipedia
Op Kneiff
Vir am Bild: d'Triangulationsmaark vum Kadaster. Deen héchste Punkt vum Land läit tëschent dem Fiichtebësch an deenen eenzele Beem riets dovun.
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Ëlwen
Héicht 560 m
Koordinaten 50°9'26,34"N, 6°2'13,00"O

Op Kneiff ass e Lieu-dit bei Wilwerdang an der Gemeng Ëlwen, op deem eng Plaz mat 560 m (NG-L) als héchste Punkt vum Lëtzebuerger Land beim Kadaster gefouert gëtt[1],[2].

Geschicht

Op Basis vun topographesche Miessungen aus engem Fliger a mat Hëllef vum GPS-System den 31. Mee 1994, gouf tëscht 1994 an 1997 déi éischt topographesch Datebank fir Lëtzebuerg opgestallt. De Gebrauch vum GPS huet et erlaabt fir d'Donnéeën am nationale geodetesche System ze lokaliséieren. D'Héichtemiessung gouf mam Nivellement général du Luxembourg verknëppt. Bei dëser Miessung koum eraus, datt Op Kneiff mat 560,08 m déi héchst Plaz am Land ass an d'Buergplaz – déi bis dohin als déi héchst gegollt huet – mat 558,35 m[3], op der zweeter Plaz läit.

Op der drëtter Plaz ass den Napoleonsgaart an der Gemeng Rammerech mat 554,3 m.

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. A. Storoni 2010. Les Paysages Géologiques du Luxembourg. S. 16.
  2. Déi héchst Plaz zu Lëtzebuerg op der Websäit vum Kadaster
  3. sou steet et um Schëld beim Huldanger Waassertuerm