Op der Juegd

Vu Wikipedia
Cover (Facsimile).

Op der Juegd (Original Schreifweis: [1]) ass e Kaméidistéck an zwéin Akte vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891), deen den Text geschriwwen an d'Musek komponéiert hat. Am Verzeechnes vum Dicks senge Musekskompositiounen ass d'Wierk den Opus 42.

Déi Dramatesch Gesellschaft zu Letzeburéch huet d'Stéck den 18. Abrëll 1870 an der Stad uropgefouert.[2]

Op der Juegd ass déi musikaleschst vun den Dicks-Operetten an erfuerdert bei den Opféierungen zimmlech gutt Stëmmen.

Resümmee vun der Handlung[änneren | Quelltext änneren]

De Piechter Victor léisst vu sengem Fierschter Néckel eng Klappjuegd organiséieren. Bei där Geleeënheet wëllt hien den Néckel ëm d'Hand vu senger Duechter Lische froen. D'Lischen hat awer schonn dem Fierschter sengem Appersmann Haupert hiert Wuert ginn. Wéi de Victor dem Lischen ze no kënnt an et kësse wëllt, gëtt hie vum Haupert iwwerrascht. Wéi eppes méi spéit de Victor vun engem Keiler ugegraff gëtt, rett den Haupert him d'Liewen, wat him d'Hand vu senger Léift verschaaft.

Rollen[änneren | Quelltext änneren]

  • Victor, e Juegdpiechter;
  • Hilaire;
  • Conrad;

(dräi Hären aus der Stad)

  • Néckel, de Fierschter;
  • Haupert, e Jeeër, Appersmann vum Fierschter;
  • Lischen, dem Néckel seng Duechter;

an e puer Klepper.

Bekannt Lidder[änneren | Quelltext änneren]

  • A wann e Freier eng Freiesch huet
  • D'Pierle vum Da
  • D'si vill schéi Rousen an der Stad
  • D'Fëscher an d'Jee'r
  • 't ass alles gutt gaangen

D'Opféierung vun 1925 zu Paräis[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1925 ass d'Kaméidistéck fir Groussherzoginsgebuertsdag virun der lëtzebuergescher Kolonie zu Paräis opgeféiert ginn, eng Opféierung iwwer déi d'Luxemburger Illustrierte beriicht huet.[3] D'Haaptrollen haten zwéin deemools bekannt Acteuren, d'Niny Müller an de Venant Paucké.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoffmann, Fernand, 1991. Dicks: oder Abstieg und Aufstieg des Edmond de la Fontaine: Leben und Schaffen eines Nationaldichters. Luxemburg: Abteilung für Kunst und Literatur des grossh. Instituts, 1991, Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei. 146 p.
  • La Fontaine, Edmond de, 1870. Op der Jûocht: Koměděstéck an zwěn Ackten. Tèxt a Muséck fum Dicks. Letzeburéch: V. Bück. 44 p. Preis: 15 Su. [D'Musek ass net enthalen]
  • La Fontaine, Edmond de, 1890. Op der Jûocht: Koměděstéck an zwěn Ackten: op. 42. Tèxt a Muséck fum Dicks. [Partitur fir Gesank a Piano] Luxemburg: J.W. Stomps, [1890], Leipzig, C.G. Röder. 48 p. [Vollständige Gesammt-Ausgabe der Operetten in Luxemburger Mundart Nr. 4]
  • La Fontaine, Edmond de, 1893-1894. Vollständige Gesamt-Ausgabe der Operetten in Luxemburger Mundart / von Dicks ; Clavierauszug mit vollständigem Text. Luxemburg: Wilh. Stomps, 1893-1894, Leipzig, C.G. Röder. [[Partituren] an 12 Hefter]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Des Original-Schreifweis vum Dicks huet den Accent circonflexe iwwer dem /u/ an den /o/ zesummegespaant, fir den Diphthong ze markéieren. Dat ass mat der Mediawiki-Software nëmmen iwwer dem Ëmwee vun enger mathematescher Formel z'erreechen, déi am Text als PNG-Fichier ugewise gëtt: <math>Op\ der J\widehat{uo}cht</math>.
  2. Cf. Hoffmann 1991: 84 an der Literatur.
  3. Cf. Biller 1, 2 an 3. Quell: Luxemburger Illustrierte Nr. 5, 28. Januar 1925, S. 38. op bnl.lu
  4. Cf. Bild 1.