Operatioun Chicago
Am Zweete Weltkrich war d'Operatioun Chicago eng Verstäerkung vun der Operatioun Albany.
Bei där Operatioun sinn an der Nuecht vum 5. Juni 1944 Segelfligeren a Parachutiste vun der 101. US-Loftlandedivisioun an der Géigend vu Vierville an der Normandie gelant. Déi Operatioun war en Deel vum Debarquement an der Normandie.
D'Segelfligeren déi benotzt goufe waren d'Horsa, déi vun C-47 oder Halifax-Bommefligere gezunn goufen.
[änneren] Missioun
D'101. Loftlandedivisioun sollt am Südoste vu Sainte-Mère-Église landen, Brécken an Directioun Carentan spréngen, a Passagen iwwer d'Douve zu Pont-l'Abbé a Beuzeville-la-Bastille besetzen, fir esou de Bréckekapp ze protegéieren.
[änneren] D'Operatioun
D'Operatioun hat net vill Chance. E Pilotage mat wéineg Experienz an de schwéiren Terrain hunn eng fatal Verspreeung vun den Truppe mat sech bruecht. Eng Parti ass an d'Mier gefall, an anerer sinn an iwwerschwemmte Gebidder erafkomm. No 24 Stonnen haten eréischt 3.000 Mann sech regruppéiert. Vill Zaldoten hunn net bei hir Trupp zréckfonnt, an hunn deeglaang hanner de feindleche Linne gekämpft.