Operatioun Cooney

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Operatioun Cooney am Zweete Weltkrich huet aus enger Kommandotrupp bestanen déi aus 18 Ekippe vun dräi bis véier franséischen SAS-Leit bestanen huet, an déi an der Nuecht vum 7. Juni 1944 tëscht Saint-Malo a Vannes parachutéiert goufen.

D'Ekippen hu sech an der Bretagne verspreet, an hunn Eisebunnslinnen an -installatiounen déi fir d'Wehrmacht wichteg waren zerstéiert.

No hirer Missioun hu verschidden Ekippe sech um Stëtzpunkt, dee vun den Dingson-Truppen ageriicht gi war, erëmfonnt.

D'Operatioun war eng vun den Operatiounen déi zu der Operatioun Overlord gehéiert huet.