Operatioun Nordwind

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kaart vun der däitscher Konterattack

D'Operatioun Nordwind war combinéiert mat der Operatioun Bodenplatte eng vun de leschten Offensive vun der Wehrmacht op der Westfront zum Schluss vum Zweete Weltkrich. Se huet sech vum 1. bis de 25. Januar 1945 a Loutrengen an am nërdlechen Elsass ofgespillt, a sollt d'Front an den Ardennen déi blockéiert war, entlaaschten.

Enn Januar konnten déi alliéiert Truppe vun der US-Arméi ënnerstëtzt vu franséischen Unitéiten den däitschen Ugrëff stoppen. Déi schroost Gefechter waren an der Geigend vun Hatten a Rittershoffen am Bas-Rhin. Bei de Panzerschluechten tëscht dem 8. an 20. Januar gouf d'Uertschaft Hatten bal ganz zerstéiert. E Monument um hallwe Wee tëscht hatten a Ritterhoffen erënnert un déi Krichereien.