Orakel vun Delphi

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Themis an den Aegeus.

D'Orakel vun Delphi, bei der griichescher Stad Delphi, zielt zu de bekanntsten Orakele vun der Antikitéit.

Originnen[änneren | Quelltext änneren]

Delphi läit an enger aarmer Regioun. Déi éischt Occupatioun um Golf vu Korinth kann ëm d'3. Joerdausend v. Chr. datéiert ginn. Géint 1400 ass de Site vum haitegen Orakel zwar net bewunnt, mä et fënnt ee Spure vun engem virgeschichtlechen Hellegtum.

Ufanks gouf et zwee Hellegtümer fir weiblech Gottheeten, ee fir d'Gaia, d'Gëttin vun der Äerd, an ee fir d'Athena. De Kult vun der Gaia bleift bis an de Klasseschen Zäitalter bestoen, während d'Athena op Marmaria "plënnert".

Déi geschichtlech Haaptquell fir Delphi ass de griichesche Geograph Pausanias (2. Joerhonnert eiser Zäit). Hie kënnt aus Klengasien an huet d'ganz griichesch Welt bereest a beschriwwen, an domat wäertvoll geschichtlech Notizen hannerlooss.

Den Apollo kënnt op Delphi[änneren | Quelltext änneren]

Géint 1000 v. Chr. fält d'mykenesch Zivilisatioun zesummen an d'Dorer kommen a Griicheland. Dat féiert och zu engem Changement zu Delphi. Nodeem d'Hellegtum fir eng Zäit verlooss ass, gëtt et vum 9. Joerhonnert v. Chr. un nees occupéiert.

Allerdéngs gëtt et do e Changement an der Hierarchie. An D'Plaz vun der Gëttin Gaia kënnt e jonke Gott an d'Hellegtum a schéckt d'Gaia op d'zweet Plaz. Dat ass den Apollo. Hien iwwerhëlt och d'Orakel. Déi aner Gottheete bleiwen zwar weiderhi bestoen, mä ouni Orakel. Och d'Pythia bleift weiderhin op senger Plaz, quitt datt si elo en anere Gott befroe muss.

Trotzdeem sinn d'Ufäng vum Apollo-Kult relativ bescheiden.

An der zweeter Hallschent vum 7. Joerhonnert v. Chr. fänkt d'Hellegtum un, strukturéiert ze ginn. Delphi ass zu där Zäit schonn zimlech räich a kritt vill Afferen, zum Beispill de Schaz vun de Korinther. Mä och d'Awunner vun Argos bréngen hir Schätz op Delphi. De lydesche Kinnek Krösus stellt e gëllene Léiw dohin.

Am Zentrum steet en Tempel dee "vum Apollo selwer gebaut ginn ass". An der Homerescher Hymn un den Apollo geet am Vers 294 vun engem Tempel vun Delphi riets. Dësen Tempel ass aus Stee vu Korinth an den Architekt war de Böotier Trophonios. Dësen Tempel brennt allerdéngs néier am Joer 548. Also gëtt beschloss, den Tempel nees opzebauen, wat laut dem Herodot (Buch II, 120) 300 Talenter kascht. D'Stad Delphi selwer, mä och Auslänner droen zur Rekonstruktioun bäi. De Pharao Amasis II. gëtt dem Hellegtum zum Beispill 1000 Talenter. D'Rekonstruktiounsarbechten dauere vu 525 bis 510 a si relativ opwänneg.

Dës Rekonstruktioun gëtt vun der grousser aristokratescher Famill vun den Alkmeoniden geleet.

Den Tempel vun den Alkmeoniden[änneren | Quelltext änneren]

Den Tempel vun den Alkmeoniden besteet aus dräi Deeler, déi vu Kolonnen ëmgi sinn. Am proanos fanne sech d'Schenkungen an eng luxuriéis Dekoratioun. Den zweeten Deel, de naos huet eng Dekoratioun aus Gold an Elfebeen. Den adyton gëtt duerch eng Mauer vum naos ofgetrennt. Leider kann d'Archeologie keng Beweiser fir d'Existenz vum adyton liwweren, well nëmmen nach d'Fondatioune stinn.

Et gouf och vill iwwer e Lach am Buedem dikutéiert, duerch dat de pneuma, den Otem vum Apollo, erauskomm wier. Laang Zäit blouf d'Thes bestoen, datt et sech dobäi ëm vulkanesch Dämp gehandelt hätt. Allerdéngs huet d'Geologie bewisen, datt dëst zu Delphi definitiv net de Fall ass.

Nieft de genannte Raim schwätzt den antike Schrëftsteller Plutarch a sengem De defectu oracularum och vun engem sougenannten oikos, engem Raum an deem sech d'Konsultanten opgehalen hunn.

Ganz wichteg fir all Orakel ass d'Quell. An dësem Fall handelt et sech ëm d'sougenannte Kastalesch Quell, déi ënner der Protektioun vun de Muse steet.

D'Personal vum Orakel vun Delphi[änneren | Quelltext änneren]

Paschtéier[änneren | Quelltext änneren]

Bis zum 3. Joerhonnert v. Chr. ginn d'Paschtéier vun Delphi net ernimmt. Déi éischt Dokumenter déi eis vun hinnen erzielen, sinn Akte vun der Fräiloossung vu Sklaven.

Et waren ëmmer zwee Paschtéier gläichzäiteg, an et gëtt ugeholl datt si op Liewenszäit ernannt goufen, respektiv fir eng ganz laang Zäit am Amt waren. Aus Héiflechkeet ass deen eelste Paschtouer ëmmer virgaangen. E berühmte Paschtouer vun Delphi war de Plutarch.

Froen, déi bis haut onbeäntwert sinn, sinn op d'Paschtéier vun Ufank un op Liewenszäit ernannt goufen, a wa jo, op dat eventuell un de Problemer vum Rekrutement geleeën huet.

D'Paschtéier ware fir d'Zeremonien zu Éiere vun de Gëtter zoustänneg mä si hunn d'Orakel selwer net konsultéiert, dofir gouf et spezialiséiert Personal.

Prophéiten[änneren | Quelltext änneren]

D'Prophéite sinn déi, déi amplaz vun der Gottheet an där hirem Num geschwat hunn, an ënner dem Afloss vun där Gottheet stoungen. D'Prophéite waren eigentlech Fonctionnaire vum Tempel, déi opgepasst hunn, datt alles riicht leeft.

D'hosioi[änneren | Quelltext änneren]

Ënnerstëtzt goufen d'Prophéite vun de sougenannten hosioi (hosios = helleg). Dës Persoune waren helleg duerch hir Funktioun an hu geheim Zeremonien ofgehalen, virun allem beim Graf vum Dionysos. D'hosioi goufen a spezifesche Famillje rekrutéiert, zu Delphi an der Famill vum Dencalion.

D'Pythia[änneren | Quelltext änneren]

D'Pythia gouf ënner de Meedercher vun Delphi erausgesicht. Laut dem Euripides a sengem Wierk Ion gëtt et keng Limite wat dëst Rekrutement betrëfft. De Plutarch erzielt eis, datt souguer en aarmt Baueremeedchen zur Pythia gewielt ka ginn.

D'Pythia huet am Hellegtum gelieft a gouf op Liewenszäit ernannt. Si huet missen hir Rengheet behalen an huet op engem Bett vu Lorbeerblieder geschlof. Et konnte nëmme Meedercher vun Delphi Pythia ginn, keng Auslänner.

Subalternt Personal[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem uewe genannte Personal gëtt et och nach d'mageiroi, zoustänneg fir d'Affer, an d'grapheis, d'Sekretären, déi d'Entwerte vun der Pythia opgeschriwwen hunn.

Konsultatioun vum Orakel[änneren | Quelltext änneren]

Ganz um Ufank konnt ee nëmmen eemol am Joer d'Orakel besiche goen. Zur Zäit vum Plutarch gouf et Konsultatioune pro Mount, souguer wann den Apollo bei den Hyperboreaner war. D'Orakel konnt un allen Deeg konsultéiert ginn, déi net als "schlecht" gegollt hunn, an den Alexander de Groussen huet souguer déi Deeg gemaach.

Fir ze kucken, ob et e "gudden" oder e "schlechten" Dag war, gouf eng Geess als Affer geholl. Wa si geziddert huet, war et e "gudden" Dag an de Gott gewëllt z'äntwerten.

Reiefolleg vun de Konsultanten[änneren | Quelltext änneren]

Tholos

D'Konsultatioun war genee geregelt. Zwou Haaptregele waren datt d'Griiche virun de Barbare kommen, an d'Awunner vun Delphi virun allen anere Griichen. No den Awunner vun Delphi koumen aus Éischt d'Leit aus der Amphictyonie drun. Déi aner griichesch Stadtstaate ware geographesch regroupéiert, mä dës Andeelung konnt geännert ginn, jee no Wichtegkeet vun enger Stad zu enger bestëmmter Zäit. Am 4. Joerhonnert v. Chr. duerften zum Beispill d'Awunner vun Theben direkt no den Awunner vun Delphi d'Orakel konsultéieren, dëst wéinst der Hegemonie vun Theben.

De pélanos[änneren | Quelltext änneren]

Fir ze kucken, ob den Dag gënschteg fir eng Konsultatioun ass, hunn d'Konsultanten nom éischten Affer missen e Kuch offréieren, de pélanos. Dëse Kuch gouf awer séier duerch Suen ersat. Den Tarif houng vum Typ vun der Konsultatioun of. Fir eng Stad war et méi deier wéi fir en eenzelne Konsultant. D'klengasiatesch Stad Phaselis huet zum Beispill misse 7 Drachmen an 2 Obolen fir eng Konsultatioun bezuelen. Dës Zomm gouf un d'Stad Delphi bezuelt, a war ëmmer obligatoresch.

D'Affer[änneren | Quelltext änneren]

Beim Affer gouf ëmmer en Deel vum Affer ewechgeholl, meeschtens war dëst d'Haut, deen da weiderverkaf gouf. Des Afferzeremonien hu fir Delphi eng wichteg Quell vu Sue gespillt.

D'Konsultanten[änneren | Quelltext änneren]

D'Konsultatioun konnt als Grupp oder als Eenzelpersoun duerchgefouert ginn. Op d'Fraen och e Recht op d'Konsultatioun vum Orakel haten, geet aus de literaresche Sourcen net kloer ervir. De Plutarch erzielt eis nëmmen, datt keng Frae bei der Afferzeremonie erlaabt sinn.

D'Pythia[änneren | Quelltext änneren]

Virun all Konsultatioun rengegt sech d'Pythia un der Quell, déi ausserdeem hir Fäegkeet, d'Orakel ze befroë verstäerke soll. Si ass einfach ugedo an dréit d'Hoer lass. D'Pythia kënnt zesumme mat de Paschtéier an den hosioi an d'Hellegtum a verbrennt um Altor vun der Hestia Lorberblieder. Ausserdeem bréngt och si en "Affer", an zwar street si e bësse Miel op den Altor. Duerno sëtzt si sech an den adyton.

Obwuel eis méi wéi 615 Orakelkonsultatioune bekannt sinn, wësse mer net genee wéi dëst Orakel de Message iwwerdroen huet. Hunn d'Konsultanten d'Pythia gesinn ? Et kann een unhuelen datt d'Pythia verstoppt bliwwen ass, well d'Konsultante sech am oikos opgehalen hunn, engem Raum deen ofgetrennt vum adyton war. Dës Oftrennung war no griicheschem Denke ganz normal. D'Griichen, sou frou se och mat hire Gëtter waren, haten dach Angscht virum direkte Kontakt mat enger Gottheet. D'Mënsche sollen net aus hirer Sphär erausgoen, well soss kënnt et zur hybris an et ass allgemeng allzegudd bekannt, wat dem Ikarus geschitt ass, wéi e méi wollt.

Eng weider Fro déi sech stellt ass wéi der Pythia d'Fro gestallt gouf. Laut dem Herodot gouf d'Fro einfach geruff. Den Aristophanes erzielt eis vu klengen Tafele wou d'Fro dropgeschriwwe war.

Vill Fuerscher stelle sech natierlech och d'Fro iwwer den Zoustand vun der Pythia während der Befroung vum Orakel. De Platon beschreift den Zoustand vun der Pythia als mania, wat den Cicero mat furor iwwersetzt. Fir déi al Griiche bestoung op jiddwer Fall keen Zweiwel dodrun, datt d'Pythia vum pneuma, vum Otem vum Apollo, besiess war, während si geäntwert huet.

D'Äntwert vum Orakel[änneren | Quelltext änneren]

Laut dem Herodot gouf d'Äntwert vum Orakel a Verse ginn. De Strabon erzielt eis vun Äntwerten entweder a Versen, oder a Prosa. Op den Inskriptiounen déi fonnt goufen, stinn d'Entwerte vun der Pythia ëmmer a Prosa. Do stellt sech natierlech d'Fro, wéi gouf d'Äntwert dann elo ginn ?

Fir d'Theorie datt d'Pythia a Prosa geäntwert huet, schwätzt datt et jo keng spezifesch Critèrë beim Rekrutement vun der Pythia gouf, an dës jo ouni weideres och konnt Analphabetin sinn. Anerersäits gouf dës Äntwert bei den Ale Griichen adein genannt, wat een entweder mat sangen iwwersetze kann, an de Gesang ass a Versform, oder mat äntwerten, an do stellt sech dann erëm de Problem. Et gëtt ugeholl datt béides stëmmt, jee no Situatioun. Vun 100 Froen, déi dem Orakel gestallt goufen, waren der 90 vun enger sou enger Banalitéit, datt d'Pythia wahrscheinlech a fäerdege Verse geäntwert huet, well Verse méi einfach ze verhale sinn. Bei méi komplizéierte Froen, kann een duerchaus unhuelen datt d'Äntwert a Prosaform war, an duerno a Versen ëmgeschriwwe gouf, well dat d'Äntwert méi schéi mécht.

Eng bestëmmte Kategorie Äntwerte sinn d'Ioxias, dat sinn déi Äntwerten, déi eréischt e Sënn erginn, nodeem en Evenement geschitt ass.

Ronderëm d'Orakel[änneren | Quelltext änneren]

Ronderëm d'Orakel selwer gouf et eng Rei vu Festivitéiten.

D'Enneaeteriden[änneren | Quelltext änneren]

Theater

D'Enneaeteriden goufen all aacht Joer zelebréiert. Den 8-Jores-Zyklus huet mat engem magesche Moment iwwerenee gestëmmt. All 8 Joer waren d'Stären erëm op derselwechter Plaz ukomm wéi se sech 8 Joer virdrun um Himmel presentéiert hunn. Dobäi muss ee bemierken datt d'Griichen nom Moundkalenner gefuer sinn.

Dës Enneaeteriden sinn an dräi grouss Fester zu Delphi opgedeelt. De 'Septerion oder Stepterion ass laut engem byzantinesche Lexikograph e Fest fir sech ze rengegen. Ausserdeem gëtt et e mystescht Fest fir d'Semele, eng zimlech al Gottheet. Beim Fest vun der Charila gëtt Iessen un d'Bevëlkerung vun Delphi ausgedeelt, an d'Gaia gëtt opgeruff, sech ëm hir Kanner, d'Mënschen, ze këmmeren.

D'Penteaterid[änneren | Quelltext änneren]

D'Pythias ass wuel dat festlechst Ereegnes zu Delphi. Et gëtt am 3. Joer vun all Olympiad gefeiert fir den Doud vun der Schlaang Python ze feieren. Nom Éischten Hellege Krich gëtt et definitiv dräi Haaptconcoursen: Musek, Gymnastik a Wagenrennen. Eng Spezifizitéit vun Delphi ass, datt d'Musek ëmmer un éischter Plaz steet, wat natierlech dodru läit, datt d'Orakel dem Apollo gewidmet ass.

Zu der Penteaterid zielen och d'Pythaiden, déi de mythesche Wee vum Theseus vun Attika bis Delphi feieren. Lass geet et ëmmer bei der Tetrapol vu Marathon. Am Joer 97 kënnt et zu der leschter Pythaid. Am 1. Joerhonnert v. Chr. ass Athen komplett ruinéiert.

Aner Gottheeten nieft dem Apollo[änneren | Quelltext änneren]

Dionysos[änneren | Quelltext änneren]

No dem Plutarch gehéiert Delphi net manner dem Dionysos wéi dem Apollo. Am adyton steet dann och d'Graf vum Dionysos. Dës Gottheet geet op d'2. Joerdausend v. Chr. zréck an ass eng Gottheet déi stierft an erëm obersteet. Am Géigesaz zum Apollo deen am Wanter d'Hellegtum verléisst, fir bei d'Hyperboreaner ze goen, bleift den Dionysos ëmmer zu Delphi. Hien ass och e prophetesche Gott, an an Thrakien gëtt et och Orakele vum Dionysos. D'Archeologie liwwert eis Beweiser fir en Dionysos-Kult zu Delphi, mä leider eréischt ab dem 4. Joerhonnert v. Chr. obschonn eeler Texter eis vun dëser Presenz erzielen. Zu Delphi ass d'Haapthellegtum vum Dionysos den Theater. D'Fest, d'Triédéride, feiert den Doud an d'Obersteeë vum Dionysos, a gëtt all zwee Joer zelebréiert.

Musen a Nymphen[änneren | Quelltext änneren]

D'Nymphe si Gottheete vun der Natur a vum Uebst. Si hunn den Apollo ugefeiert bei sengem Kampf mat der Schlaang Python. Et gëtt verschidde Kategorië vun Nymphen. Sou hunn d'Thries, Duechtere vum Zeus, dem Apollo d'Divinatioun bäibruecht. Beie-Nymphe wunnen um Fouss vum Bierg Parnass.

Nieft de Nymphe waren d'Muse wichteg fir d'Orakel vum Apollo zu Delphi. Hinne huet d'Quell nieft dem Orakel gehéiert.

Artemis[änneren | Quelltext änneren]

No dem Diodor vu Sizilien gouf et en Artemis-Tempel zu Delphi, mä onkloer ass, op deen Tempel nach mat enger anerer Gottheet gedeelt gouf, oder nëmme fir d'Artemis gebaut ginn ass. Am Fall wou den Tempel gedeelt gouf, kann een zimlech sécher dovun ausgoen, datt déi aner Hallschent da vun der Athena besat gouf, wéi dat meeschtens de Fall war.

D'Artemis ass d'Zwillingsschwëster vum Apollo an d'Duechter vun der Leto. Zu Delphi gouf et och e Fest zu Éiere vun der Artemis, fir datt d'Fraë schéi Kanner op d'Welt bréngen.

Poseidon an Zeus[änneren | Quelltext änneren]

Am Tempel vum Apollo gëtt et eng Plaz déi dem Poseidon firbehalen ass. Et gëtt ugeholl datt de Kult scho virum Apollo zu Delphi existéiert huet, an och duerch dësen net eliminéiert gouf.

Den Zeus. Am Tempel vum Apollo steet eng Statue vum Papp vun de Gëtter, d'Statue vum Zeus Moiragétes, deen deen d'Schicksal vun de Mënsche leet.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Amandry, La mantique apollinienne à Delphes, Boccard, Paräis, 1950.
  • Marie Delcourt, L'oracle de Delphes, Payot, Paräis, 1981.
  • Margaret Anne Doody, Aristote et l'oracle de Delphes, Paräis, 2003.
  • Georges Roux, Delphes, son oracle et ses dieux, Belles Lettres, Paräis, 1976.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Delphi – Biller, Videoen oder Audiodateien