Oral History

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Oral History ("mëndlech Geschicht") gëtt eng Method an der Geschichtswëssenschaft genannt, bei där Zäitzeien iwwer hir Vergaangenheet schwätzen. Am Mëttelpunkt steet déi subjektiv Erënnerung am Bezuch zur Geschichtsschreiwung. Oral History implizéiert Interviewopnamen mat Zäitzeien, déi am Toun an/oder am Bild opgezeechent ginn. Doduerch entstinn nei Geschichtsquellen, déi een alternative Bléck op d'Vergaangenheet werfen. Oral History steet a Verbindung mat der qualitativer Sozialfuerschung a baséiert op net-standardiséierte Daten.n

Oral History gëtt säit den 1970er Joren zu Lëtzebuerg praktizéiert. Éischt Schrëtt ginn op privat Initiativen zréck. Vun den 1980er Joren un huet duerch d'Schafe vum Centre national de l'audiovisuel (CNA) d'Oral History vu staatlecher Säit hir Plaz an der nationaler Erënnerungskultur fonnt.

Methodologie[änneren | Quelltext änneren]

Erkenntniszieler[änneren | Quelltext änneren]

Oral History erlaabt et dem Historiker engersäits, prezis Informatiounen ze sammelen am Zesummenhang mat Événementer, z. B. d'Zwangsrekrutéierung am Zweete Weltkrich, mat historeschen Techniken, z. B. d'Funktionéiere vun engem Héichuewen, mat ausgestuerwe Flouernimm, oder och mat Geräischer a kierperlecher Praktiken, déi haut et hautdesdaags net méi ginn.

Oral History ass anerersäits een Instrument fir de d'Liewensweise vun de soziale Klassen, den ënnerschiddleche Geschlechter, de sozio-professionelle Kategorien oder enger ethnescher bzw. reliéiser Communautéit z'erfuerschen.

Typologie[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt verschidden Type vun Interviewen. An der Regel gi Leitfadeninterviewe gefouert, d. h. den Historiker stellt oppe Froen no engem virbereete Froebou, op déi den Zäitzeien äntwert. De Leitfaden ass e Gerüst, dat verhënnere soll, datt wesentlech Fuerschungsfroen am Interview iwwersi ginn. D'Reiefolleg vun de Froe muss net strikt agehale ginn, an den Historiker kann entscheeden, ob hie bei verschiddene Froe méi an den Détail geet oder Froe fale léisst. Dësen Typ vun Interview erlaabt et dem Historiker d'Gespréich ze leeden, mä och dem Zäitzeien déi néideg Fräiheet an senger Erzielung ze loossen. De Leitfadeninterview zeechent sech duerch seng Flexibilitéit aus.

Am Experteninterview trëtt den Zäitzeien a senger Qualitéit als Expert op, deen dem Historiker säi Fachwëssen matdeelt. An deem Fall steet net déi subjektiv Perspektiv am Virdergrond vum Interview, mä dem Zäitzeien seng Kompetenz, z. B. seng technesch Erfarung beim Dreiwe vun enger Galerie beim Ofbau vun der Minett oder Schifer.

Beim problemzentréierten Interview dréint sech d'Gespréich ëm eng bestëmmte Problematik, déi den Historiker mat Hëllef vum Zäitzeien aus sengem historeschen Kontext eraus beliichte kann. Domat kann den Historiker ee Problem aus engem anere Bléckwénkel betruechten.

De narrativen Interview zeechent sech duerch seng komplett Oppenheet am Gespréich aus. Den Historiker léisst den Zäitzeien fräi iwwer seng Biographie schwätzen ouni - am Géigendeel zum Leitfadeninterview - anzegräifen.[1]

Prinzipiell bei allen Interviewtype fänkt den Historiker ëmmer mat den einfache Froen un, fir et dem Zäitzeien méi liicht ze maachen, an e Gespréich ze kommen, ier hien déi spezifesch Froe stellt.

Grounded Theory[änneren | Quelltext änneren]

D'Konzept vun der Grounded Theory staamt aus den 1960er Joren a gouf vun den amerikanesche Soziologe Barney G. Glaser an Anselm L. Strauss erfonnt. Dës Technik stellt een "iterative Forschungsprozess"[2] duer, bei dem et drëms geet, d'Interviewen z'analyséieren, ze vergläichen an nei Erkenntnesser ze gewannen.

Als éischte Schrëtt erstellt den Historiker eng Lëscht mat theoretesche Kategorien, deenen hien ee Code gëtt. Beim zweete Schrëtt, dem theoretical sampling, fänkt den Historiker no all Interview un Hypothesen ze formuléieren a Rapporten ("memos") ze redigéieren. Am drëtte Schrëtt ginn déi verschidden Hypothese verglach, d'Rapporten exploitéiert a mat externen Date verglach. Dëst Virgoen ass als Triangulatioun ze bezeechnen. Als leschte Schrëtt steet d'Widderhuelung vun dësen dräi Etappen.

D'Grounded Theory erlaabt ee komparatiivt Virgoe bei der Analyse vun den Interviewen. Eng wieder wichteg Komponent bei dësem Konzept ass, dat eng Hypothes induktiv erstallt gëtt an net am Virfeld konstruéiert gëtt.

Transkriptioun[änneren | Quelltext änneren]

Et existéiere verschidden Type vun Transkriptiounsweisen. Eendeiteg Regele fir den Ëmgang mat Verschrëftlechung vum Interview gëtt et net. D'Transkriptioun hänkt vun der theoretescher Orientatioun, de Fuerschungszieler an der objektiver Hermeneutik, d. h. ob et sech ëm eng Feinanalyse, eng Sequenzanalyse oder eng Interpretatioun vun objektiven Daten handelt, of.

Am Allgemenge gëtt op eng narrativ Transkriptioun zréckgegraff, bei där et - ganz am Sënn vun der mëndlecher Geschichtsschreiwung - dorëms geet nei Quellen z'erschléissen. Rhetoresch Pausen, Aussetzer oder Laache ginn net dokumentéiert. D'Informatioune stinn am Virdergrond an net dem Zäitzeien seng Spriechweis oder säi Verhalen.

Dës paralinguistesch Elementer ginn an der transcription fidèle oder och literarische Umschrift genannt, berücksichtegt. Dës Form gëtt am Beräich vun de Sozialwëssenschaften ugewannt an ass a Relatioun ze setze mat der Tiefenhermeneutik.

Weider Variatioune sinn d'Journalistische Auswertung, d'Querauswertung an d'sozialwissenschaftliche Paraphrasierung.[3]

Bei der Analyse vum transcribéierten Interview kann den Historiker op Programmer zréckgräifen, déi beim Codéieren an bei der Triangulatioun hëllefen. Déi Software ënnerstëtzt och d'Method vun der Grounded Theroy. Dëst sinn ë. a. MAXQDA an ATLAS.ti.

Praxis[änneren | Quelltext änneren]

Gatekeeper[änneren | Quelltext änneren]

De Gatekeeper ass eng Persoun oder Institutioun, déi vun hirer Positioun hier an der Lag ass, dem Historiker den Accès zum Fuerschungsfeld opzemaachen. Fir Kontakt kënnen opzehuele mat de jeeweilegen Zäitzeien, muss den Historiker sech als éischte Schrëtt a Verbindung setze mam Gatekeeper. Dat kënne sinn: Associatiounen a Strukturen, déi sech als Missioun ginn hunn de Partimoine culturel ze valoriséieren (Geschichtsfrënn, asw.), staatlech a kommunal Organer (Bibliothéiken, Gemengenarchiven, asw.), Interesseveräiner (Gewerkschaften, Beruffsverbänn, Chambre des salariés, mutuelles, asw.).

Donieft kann den Historiker Informatiounen an der "litérature grise" - Publikatioune vu Lokal- oder Sportsveräiner, déi an der Regel fir hiert Jubiläum erschéngen - fannen. Awer och Feierlechkeeten an Événementer (1. Mee, Sainte Barbe, Festa del'Unità,...sinn dofir gëeegent op Zäitzeien ze treffen.

Interviewsituatioun[änneren | Quelltext änneren]

All Interview brauch eng Preparatiounsphas. Den Historiker muss entscheeden ob hien e Kontrakt virbereet. Dëse gëtt vun him a vum Zäitzeien ënnerschriwwen. An der Regel stipuléiert de Kontrakt, datt den Zäitzeie seng Auteursrechter op seng Erzielung oftrëtt. Och an deem Fall ass d'Ausleeë vum Kontrakt ofhängeg vun den Erkenntneszieler an der Fuerschungsorientatioun. A munneche Fäll ass et sënnvoll den Zäitzeien z'anonymiséieren. Prinzipiell ass unzeroden de Kontrakt sou ze maachen, datt d'Aarbecht mat de Quellen sou mann wéi méiglech beschränkt gëtt, d. h. den Zäitzeien trëtt sou vill wéi méiglech vu senge Rechter of.

Den Historiker muss sech mat den historeschen Hannergrënn an mam soziale Kontext vum Zäitzeien ausernee setzen. Donieft muss den Historiker seng Entscheedungen, welch Froen hien am Interview stellt mat grousser Sensibilitéit an Deontologie maachen. Hien däerf seng eege Meenung a politesch Iwwerzeegung net an den Interview mat erafléisse loossen. Schlussendlech muss den Historiker sech bewosst sinn, dat och hien een Deel vum Interview ass an den Zäitzeien op hie reagéiert. De britesche Soziolog Anthony Giddens huet dozou folgendes gesot:

"All social research has a necessarly cultural, ethnographic or 'anthropological' aspect to it. This is an expression of what I call the double hermeneutic which characterizes social science. (...) The condition of 'entry' to this field is getting to know, and have to know, to 'go on' in the daily activites of social life. (...) What is 'hermeneutic' about the double hermeneutic? The appropriateness of the term derives from the double process of translation or interpretation which is involved."[4]

Sproochelementer[änneren | Quelltext änneren]

Quellen, déi aus der Oral History ervir ginn, däerfen net sou gelies ginn, wéi geschriwwen Texter. Den Historiker muss sech froen, ënner welchen Ëmstänn den Interview gefouert ginn ass: Waren nach aner Persounen dobäi? Wéi entwéckelt sech den Dialog zwëscht Fuerscher an Zäitzeien? Wat war dat fir ee Raum? An der Praxis vun der Oral History existéiere siwe Komponenten oder Elementer déi konstitutiv si fir een Interview:

DMëndlechkeet oder orality, d. h. den Zäitzeien zeechent sech duerch säin Accent, säin Dialekt, seng spezifesch Wierder aus, déi ënner Ëmstänn an der Géigewaart net méi benotzt ginn. Den Narrative, d. h. d'Geschicht u sech, déi den Zäitzeien erzielt. DAusféierung oder performance, d. h. d'Fassong, wéi den Zäitzeien erzielt. Dat kann op eng frëndlech Aart a Weis sinn, mä och op eng mësstrauesch. DSubjektivitéit oder subjectivity, d. h. d'Erzielung ass ëmmer verbonne mat der individueller Perspektiv vum Zäitzeien. DErënnerung oder memory, d. h. den Historiker muss sech bewosst sinn, dat d'Erënnerung vum Zäitzeien engem Prozess ënnerläit, sech verännert a Sequenze verluer ginn. DWandlung oder mutability, d. h. am Interview ass d'Erënnerung ëmmer nëmmen eng Momentopnam. Mä och eng Interviewsituation widderhëlt sech ni eng zweet Kéier. Den Zäitzeie benotzt aner Wieder a kann aus enger anerer Perspektiv erzielen. DZesummenaarbecht oder collaboration, d. h. de kollektiven Effort zwëscht dem Historiker, deen am Gaang ass seng eege Quell z'erschafen an dem Zäitzeien, den sech him uvertraut.[5]

Support a Konversatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Historiker huet de Choix ënner enger Villfalt vun digitalen Apparate fir den Interview mam Zäitzeien an Toun an eventuell och Bild opzehuelen. Am Prinzip ass gëllt, datt wat d'Opnamegerät méi kleng an onopfälleg ass, wat den Zäitzeie méi offe schwätzt. Awer net all Apparat ass fir Zwecker vun engem Interview gëeegent. Am Fall wou geplangt ass, d'Interviewen dem Publikum zougänglech ze maachen, muss d'Qualitéit vun der Opnam dësen Uspréch genügen.

Duerch Konversatioun vun den Interviewe soll verséchert ginn, dat d'Opnamen net verluer ginn. Ee regelméissege Back-up an d'Iwwerdroen op neit Trägermaterial hëlleft d'Interviewen an hirer Qualitéit ze sécheren. Zu Lëtzebuerg kann den intresséierten Historiker sech beim Centre National d'Audiovisuel (CNA) dozou professionell berode loossen.

Inventaire vun Oral History Projeten zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Dat heiten ass eng chronologesch Oplëschtung vu Projeten a Verbindung mat Oral History zu Lëtzebuerg.

  • COCARD, Francine, Meesebuerg, verschwonne, mä net vergiess, pièce radiophonique, CNA 1994.
  • SCHROEDER, Anne, Carreaux de mine, film, Cinéquasi 1997.
  • MAROLDT, Ed (dirigé par), De leschten Héichuewen, film, Uelzechtkanal LGE, 1997.
  • MAROLDT, Ed (dirigé par), Gare la mine, film, Uelzechtkanal LGE, 1997.
  • BODSON, Menn, GOEREND, Romain, De leschten Héichuewen, film, CRP Henri Tudor CNA 1997.
  • COCARD, Francine, D'Ausbildung an d'Arbecht vun der Hiewan virun 1937, pièce radiophonique, CNA 2000.
  • SCHEEL, Konrad, 150 Joer Gemeng Walfer: Ein akkustischer Spaziergang durch die Gemeinde, CNA/Gemeindeverwaltung Walferdingen 2000 in: 150 Gemeng Walfer: 1850- 2000, Gemeng Walfer vol. I & II, Imprimerie Saint-Paul S.A. Luxembourg.
  • FICHEFET, Frédéric, LACONI, Edie, Les perdants n'écrivent pas l'histoire. Mémoires luxembourgeoises de la guerre d'Espagne, film, SAMSA 2001.
  • LAHR, Claude, Heim ins Reich, film, CNA 2004
  • ALESCH, Tom, Bloë Steen, film, CNA-CTE 2007.
  • WAGNER, Christophe, Luxemburg, USA, CNA 2007
  • LINK, Carlo (présentateur), Erlieft a verzielt, pièce radiophonique, 100,7, 2007-2008.
  • TOSTEVIN, Ray, Léif Lëtzebuerger, film, Grace Productions/CNA 2008.
  • KOHL, Michel, SCHROEDER, Corinne, "Rétrospectives de sidérurgistes sur leur entrée dans la vie active", in Terres rouges. Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, vol.2, ed. Charles BARTHEL et al. (Luxembourg: Ministère d'État/Ministère de la Culture, mediArt 2010), 218-273.
  • SCHANK, Dan, Lëtzebuerger Stolkris 1975-1984, film, Luxemburger Wort 2011.
  • CNA, Documents de la magnétothèque de RTL, en cours de digitalisation.
  • MINISTÈRE DES AFFAIRES CULTURELLES, MÉMOIRES COLLECTIVE AUDIOVISUELLE, interviews, CNA sans date.
  • CVCE, Histoire orale de la construction européenne, last modified ? http://www.cvce.eu/histoire-orale/introduction
  • ARCHIVES COMMUNALES p.ex. Kultur- a Geschichtshaus A GADDER Sanem.
  • INITATIVES PRIVÉES p.ex. Interviews de Luciano Pagliarini.

Stäerkten a Schwächten[änneren | Quelltext änneren]

Oral History ass d'Geschicht aus engem alternative Gesiichtspunkt eraus erzielt. Si gëtt de Leit eng Stëmm, déi an der geschriwwener Geschicht net als Individuum virkommen a betruecht d'Geschicht aus enger Bottom-up-Perspektiv. Si steet a Kontakt mat de Leit "vum Terrain" an huet domat een Usproch authentesch ze sinn. Si kann iwwerall an zu all Moment praktizéiert ginn. Si zeechent sech duerch hir Themevillfalt aus an eegent sech besonnesch fir d'Lokalgeschicht z'analyséieren. Donieft kann si och Erkenntnisser iwwer tabuiséiert Theme liwweren. Si weist sech duerch hier Flexibilitéit aus. Den Historiker kann säin Interview gestalte jee no Fuerschungsusproch, z. B. kann hie Fotosmaterial benotze fir dem Zäitzeien säi Gediechtnes ze stimuléieren oder Gruppeninterviewe féieren. Schlussendlech ass de Gebrauch vun der mënschlescher Stëmm déi direkt Verbindung zu der onmëttelbarer Vergaangenheet.

D'Flexibilitéit vun der Oral History kann och een Nodeel duerstellen, andeems den Historiker Problemer huet säi konkret Fuerschungsziel z'ëmräissen. Si ass eng zäitopwendeg Method bei där den Historiker vill Gedold an Zäit brauch fir Kontakt ze kréien a seng Quellen ze produzéieren. Den Historiker muss akalkuléieren, datt munch Interviewen onbrauchbar kënne sinn. Oral History ass d'Vergaangenheet aus enger subjektiver Perspektiv an soll net als Allgemenggëlteg betruecht ginn. D'Ofgläiche mat externen Daten ënnersträicht d'Seriositéit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Abrams, Lynn. Oral History Theory. New York: Routledge, 2010.
  • Back, Jean. “Al Filmer an al Fotoen?” Forum 206 (2001): 60-68.
  • Caregari, Laure, Arnaud Sauer, et Denis Scuto. “Aarbechter erzielen – les ouvriers racontent.” Forum 305 (2011): 18-21.
  • Cocard, Francine. “‘Fir dass et nët verluer geet’.” Forum 202 (2000): 37-39.
  • Fehlen, Fernand. “Liewen zu Käerjhéng, Liewen zu Lëtzebuerg.” Forum 145 (1993): 51-53.
  • Fuchs-Heinritz, Werner. Biographische Forschung eine Einführung in Praxis und Methoden. Wiesbaden: VS, Verl. für Sozialwiss., 2009.
  • Halbwachs, Maurice, Gérard Namer, et Marie Jaisson. La mémoire collective. Paris: A. Michel, 1997.
  • Kromrey, Helmut, und Jörg Strübing. Empirische Sozialforschung Modelle und Methoden der standardisierten Datenerhebung und Datenauswertung. Stuttgart: Lucius & Lucius, 2009.
  • Lequin, Yves. "À la recherche d'une mémoire collective : Les métallurgistes retraités de Givros." In Ouvriers, villes et société. Autour d'Yves Lequin et de l'histoire sociale, édité par Jean-Jaques Becker, Serge Berstein, François Caron et al., 28-48,.Paris: Nouveau Monde Éditions, 2005.
  • Maroldt, Ed. “Sinn für Hochofenromantik.” Forum 182 (1998): 27-30.
  • Mayer, Horst O. Interview und schriftliche Befragung Entwicklung, Durchführung und Auswertung. München; Wien: Oldenbourg, 2009.
  • Mey, Günter, und Katja Mruck, Hg. Grounded Theory Reader. 2nd ed. Wiesbaden: VS, Verl. für Sozialwiss., 2011.
  • Neyen, Claudine, und Doris Thilmany. “Die Arbeit in den Schiefergruben.” Forum 202, (2000): 39-40.
  • Niethammer, Lutz, Hg. Lebenserfahrung und kollektives Gedächtnis. Die Praxis der “Oral-History”. Frankfurt am Main: Syndikat, 1980.
  • Passerini, Lusia. "Memory and totalitarism." Oxford New York : Oxford U.P., 1992.
  • Schulze, Winfried, Hg. EGO-Dokumente Annaeherung an den Menschen in der Geschichte (Selbstzeugnisse der Neuzeit). Berlin: Oldenbourg Akademieverlag, 1996.
  • Thompson, Paul. The voice of the past: Oral History. 3rd ed. Oxford: Oxford University Press, 2000.
  • Welzer, Harald, Hg. Das soziale Gedächtnis. Geschichte, Erinnerung, Tradierung. Hamburg: Hamburger Edition, 2001.
  • Yow, Valerie Raleigh. Recording oral history : a guide for the humanities and social sciences. Walnut Creek, CA: AltaMira Press, 2005.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Kromrey, Helmut, 2009, Empirische Sozialforschung, Stuttgart: Lucius & Lucius Verlagsgesellschaft mhH, S. 388
  2. Mey, Günter und Katja Mruck (Hg.), 2011, Grounded Theory Reader, Wiesbaden: VS Verlag für Sozialwissenschaften, S. 24
  3. Fuchs-Heinritz, Werner, 2009, Biographische Forschung. Eine Einführung in Praxis und Methoden, Wiesbaden: VS Verlag für Sozialwissenschaften, S. 300-321
  4. Giddens, Anthony, 1984, The constitution of society. Berkeley and Los Angeles: University of California Press, S. 284
  5. Abrams, Lynn, 2010, Oral History Theory. New York: Routledge, S. 18-32