Orangisten
Mat Orangisten goufen zu Lëtzebuerg déi Politiker an Notabel bezeechent, déi 1830 nom Ausbroch vun der Belscher Revolutioun, dem Ofsplécke vun de südleche Provënzen vun Holland an der Grënnung vun der Belsch, an an de Joren dono, zum Wëllem I. vun Holland gehalen hunn, d. h. net wollten, datt Lëtzebuerg sollt Deel vun der Belsch ginn (woufir sech Leit ewéi de Jean-Baptiste Nothomb staark gemaach hunn), nach, datt et sech u Frankräich rapprochéiere sollt.
Zu den Orangiste gezielt goufe Leit wéi den Affekot Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine, de Friddensriichter Pierre-Joseph Augustin, de Victor de Tornaco, de Riichter Charles-Gérard Eyschen (Papp vum Paul Eyschen), den Notaire Willibrord Macher, de Journalist Mathieu-Lambert Schrobilgen, de Jean Ulveling, den Notaire François-Julien Vannérus, de Riichter Mathias Wellenstein, de Jean-Jacques Willmar, de François-Xavier Wurth-Paquet.
E bekannten Orangiste an der Belsch war den Industriellen John Cockerill.