Orbiter (Raumfaart)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Mars Reconnaissance Orbiter (MRO) op engem Marsorbit

En Orbiter ass eng Raumsond, déi en aneren Himmelskierper, wéi zum Beispill e Planéit, e Mound oder och d'Sonn ëmkreest. De Begrëff kënnt aus dem Engleschen an ass vun Orbit (fir Ëmlafbunn) ofgeleet. Kënschtlech Satellitten an enger Ëmlafbunn ëm d'Äerd ginn net als Orbiter bezeechent; dorënner falen och d'Raumsonden fir Sonnefuerschung, déi sech ëm ee vun de Lagrange-Punkte vu Sonn an Äerd bewegen. Beim US-amerikanesche Space Shuttle ginn zwar déi eenzel Raumfären dacks Orbiter genannt.

Eng Raumsond als kënschtleche Satellit huet speziell Funktiounen – beispillsweis als Funkrelais fir eng Landesond – an erméiglecht ee groussraimegen Iwwerbléck iwwer den Zilkierper, eventuell déi detailléiert Miessung vum Gravitatiounsfeld an eng detailléiert Kartéierung.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Bis elo goufen Orbiter fir d'Sonn, den Äerdmound an d'Planéite Merkur, Venus, Mars, Jupiter an de Saturn souwéi bei den Asteroide (433) Eros a (4) Vesta agesat (Stand 18. Juli 2011):

De Pioneer 6 erfuerscht als éischte speziellen Orbiter zesumme mat de baugläichen Nummere 7, 8 an 9 d'Sonn

Doriwwer eraus sinn am Kader vum US-amerikaneschen Apollo-Programm aacht bemannt Apollo-Raumschëffer an e Moundorbit ageschwenkt: Apollo 8, 10, 11, 12, 14, 15, 16 an 17.

Missiounen déi nach ënnerwee sinn[änneren | Quelltext änneren]

E puer Orbiter si gestart an nach um Wee bei hir Ziler:

Geplangt Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi nächst Jore si weider Orbiterstarte geplangt:

Laangfristeg gëtt och iwwer en Orbiter fir de Jupitermound Europa an am Kader vun der Missioun TANDEM fir d'Saturnmounden Titan an Enceladus nogeduecht.

Aus Käschtegrënn goufen de Mars Telecommunications Orbiter (USA) an de Jupiter Icy Moons Orbiter (USA) gestrach.

Aner Konzepter[änneren | Quelltext änneren]

Zwou aner Grondaarte vu Raumsonde sinn d'Lander an déi Sonden, déi laanscht en Himmelskierper fléien Passéierfluchsonden.

D'Konzept vun de Passéierfluchsonden, dat de Fly-by bei engem Himmelskierper verfollegt, ass technesch an energetesch méi gënschteg, well zum Beispill kee Bremsdreifwierk néideg ass, fir an en Orbit anzeschwenken (vum Sonnenorbit ofgesinn). Domat falen awer och déi wëssenschaftlech Resultater méi kleng aus.

Bei de Lander ginn haart a mëll Landungen op der fester Uewerfläch vum Himmelskierper ënnerscheet. Dat technesch schwieregst Konzept ass déi mëll Landung, virun allem wann e Retour vun der Raumsond mat Buedemprouwe virgesinn ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie