Orbiting Astronomical Observatory 3

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
OAO 3

Den Orbiting Astronomical Observatory 3 (OAO-3), och Copernicus genannt, war een amerikanesch-britesche Weltraumteleskop fir den Ultraviolett- an de Röntgenberäich.

Den OAO-3 gouf vun der NASA den 21. August 1972 mat enger Atlas-Centaur-Rakéit an eng niddreg Äerdëmlafbunn bruecht. Dem Nikolaus Kopernikus zu Éieren gouf et no dem Start an Copernicus Observatory ëmbenannt. Mat enger Mass vun 2,2 Tonnen war et dat deemols schwéierst Weltraumteleskop. Haaptexperiment war ee vun der Princeton University Observatory ënnert der Leedung vum Lyman Spitzer entwéckelten Ultraviolettteleskop mat 80 cm Haaptspigelduerchmiesser, kombinéiert mat ville Spektrographen fir den Ultraviolettberäich tëschen 90 an 330 nm Wellelängt. Doniewent hat den OAO-3 een iwwer d'University College London entwéckelt Röntgenexperimenter besiess.

Tëschent 1972 an Februar 1981 huet den OAO-3 Ultraviolettspektren vun am Ganze 551 Objeten, haaptsächlech hell Stären ënnersicht. D'Ultraviolettliicht gëtt deelweis duerch Gas an Stëbs tëschent Äerd a Stäre opgeléist. Mat dem OAO-3 gouf dofir e bessert Versteesdemech vun der Zesummesetzung an Zoustand vun der interstellarer Matière gewonnen.

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen