Orchestre philharmonique du Luxembourg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Orchestre philharmonique du Luxembourg, gekierzt OPL, op Lëtzebuergesch Lëtzebuerger philharmoneschen Orchester, ass e Beruffsorchester deem säin Ursprong am Joer 1932 läit an am Joer 1996 op säin haitegen Numm ëmgedeeft gouf. Den OPL gehéiert mat 98 Museker[1] zu deene gréissten Orchesteren zu Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den OPL ass aus dem Orchestre de Radio Luxembourg ervirgangen, dee vun 1932 uns vun der Lëtzebuerger Radiostatioun opgrond vun hirem Konzessiounsvertrag opgebaut gouf. D'Compagnie luxembourgeoise de radiodiffusion huet Enn 1932 dee jonke lëtzebuergesche Konzertmeeschter vum Westdäitschen Rundfunkorchester zu Köln Henri Pensis domat beoptragt, e leeschtungsfäegen Orchester opzebauen, deen zu jiddwerzäit konnt en direct op Antenne spillen, fir déi laang Sendepausen a -lücken vum deemmolege Radiosprogramm z'iwwerbrécken. De 15. Juli 1933 ass deen neien Orchester mat senge 20 Museker an der Villa Louvigny fir d'éischt op Antenn gaangen.[2]

Den Dagesoflaf vun dësem relativ klengen Orchester, dee beschtefalls fir Ënnerhalungsmusek vu méi héijem Niveau geeegent war, huet Mojes géint 10 Auer mat Virbereedungen ugefaange fir de Mëttesconcert vun 12 bis 13 Auer. Vu 15 bis 18 Auer war nees Prouf fir den Owesconcert, duerno sinn eenzel Museker nach bis 23 Auer bliwwen, fir Jazz ze spillen.

Mä de Konzessiounsvertrag huet d'Bedreiwe vun engem klasseschen Instrumentalensembel ausdrécklech virgeschriwwen, wat den Henri Pensis dozou motivéiert huet, seng Cheffe fir d'Entwécklung vun engem klassesche symphoneschen Orchester z'iwwerzeegen. Hie konnt du relativ séier den Orchester op iwwer 30 Museker erweideren an et ass him gelongen, déi bescht heemesch Instrumentalisten aus der Militärmusek an de Conservatoiren, mä och eng Partie däitsch-jiddesch Immigranten ze rekrutéieren.

Den éischten ëffentleche Concert vum Orchestre de Radio Luxembourg war den 28. November 1933 am Casino.

Vun 1934 uns huet de Repertoire zu engem gudden Drëttel aus Wierker aus dem 20. Joerhonnert bestanen. De Pensis huet vu senge Museker vill erwaard: nieft der normaler Studiosaarbecht zwee ëffentlech Concerten pro Woch, am Studio vun der Villa Louvigny, am Casino oder am Cercle, Opféierunge vun Operen am Stadtheater an zu Munneref, Kammermusekopféierungen. All des ëffentlech Optrëtter goufen en direct iwwer de Radio iwwerdroen. Doduerch datt Radio Lëtzebuerg deemools ee vun de stäerkste Senderen an Europa hat, gouf den Orchester séier bekannt an hat regelméisseg eminent Solisten (Arthur Rubinstein, Jacques Thibaud, Edwin Fischer, Joseph Szigeti) a Komponisten (Milhaud, Enesco, Bartók, Tansman) zu Gaascht.

1939 gouf den RTL-Orchester aus politesche Grënn oppgeléist an den Henri Pensis goung an den USA an Exil. Den Orchester ass 1946 nees ënner dem Henri Pensis nei entstanen, nodeem de Johny Pleger 1945 méi e klengen Ënnerhalungsorchester fir de Radio geleet hat.

Nom Zweete Weltkrich war den Elan vun den 30er Joren gebrach. Den Orchester huet zanterhier regelméisseg mat finanzielle Schwieregkeeten ze kämpfen, bis déi Responsabel vun RTL 1996 beschléissen, sech definitiv vum Orchester ze trennen. Et koum 1996 ënner dem Impuls vun der deemoleger Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges zum Konsens, den "RTL-Orchester" dem Etablissement public Fondatioun Henri-Pensis z'iwwerginn, ënner staarker Bedeelegung vum Lëtzebuerger Staat. Den Orchester gouf op Orchestre philharmonique du Luxembourg (OPL) ëmgedeeft.

Zanter 2005 ass den OPL an der Philharmonie ënnerbruecht.

Op Initiativ vun der Kulturministesch Octavie Modert gouf am Joer 2010 d'Fusioun vum OPL mat der Philharmonie an d'Weeër geleet. Nodeem sech am Juni 2011 op en neie Kollektivvertrag gëeenegt konnt ginn, ass de Kulturministère den Ament am Gaang, e Projet de loi virzebereeden iwwer en neien Établissement public deen den OPL an d'Philharmonie bedreiwe soll.[3]

Dirigenten[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, Loll, 2001. Vom Radioorchester zum Orchestre Philharmonique. Ons Stad 66: 17-21. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Cf. http://www.philharmonie.lu/fr/philharmonie/OPL.php
  2. Déi meescht Informatiounen aus dësem Kapitel stamen aus Weber 2001 an der Literatur.
  3. Cf. http://www.gouvernement.lu/salle_presse/communiques/2011/06-juin/24-philharmonie/index.html