Orchideeën
| Orchideeën | |||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Orchideeën |
|||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||
|
|||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
| Orchidaceae „Juss.“ (1789) |
|||||||||||||
D'Famill vun den Orchideeën (Orchidaceae) huet méi wéi 25.000 Aarten, opgedeelt an circa 850 Gattungen, an ass domadder, no den Asteraceae, déi zweetgréisst Planzefamill. D'Orchideeë sinn iwwer d'ganz Welt verbreet, mee et ass an den Tropen wou hiren Aarteräichtum am gréissten ass.
Innerhalb vun de Bléieplanzen gehéieren sie zu de Monokotyledonen, zu deenen och d'Grieser gehéieren. D'Orchideeë liewen a Symbios mat engem Champignon deen hir Wuerzelen emspënnt a se mat Nährstoffer aus dem Buedem versuergt.
Déi grouss Formen- a Faarwevielfalt vun den Orchideeëbléien ass entstanen als Upassung un d'Ulackelen vu Bestäuberinsekten. Vill vun hire Bléie bilden z.B. eng Landeplaz fir d'Insekten, anerer ginn esou wäit, mat hire Bléieblieder d'Form an d'Fierwung vun engem weiblechen Insekt z'imitéieren fir esou dee betreffende Männchen unzelackelen (z.B. d'Bommel).
Déi ganz Planzefamill krut hiren Numm duerch déi zwou hodefërmeg Wuerzelknolle vun der Gattung Orchis (gr.: ὄρχις „Hoden“).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Kennzeechen
Trotz deene ville Mierkmoler déi ee bei den Orchideeë gesi kann, gëtt et der nëmme wéineg déi bei hinnen alleguerte virkommen. Dëst erkläert sech doduerch, datt déi eenzel Gattunge verschidden evolutionär Stadien erreecht hunn.
- Ee Bléieblat (de Labellum) ass vergréissert an an der Form verännert.
- Dat eenzegt am Laf vun der Evolutioun iwwreg bliwwe Stëbsblat (Staubblatt) ass mat dem Stempel (weiblecht Organ) zu enger Sail verwuess.
- D'Pollebeidele sinn zu engem Pak zesumme gewuess.
- Et gëtt eng grouss Zuel vu ganz klenge Some produzéiert, déi nëmme keime kënne wa se mat engem Champignon verbonne sinn.
- D'Orchideeëwuerzel lieft an obligatorescher Symbios mat dësem Champignon.
- Während der Entwécklung, virun hirer Entfalung, dréint d'Bléi sech ëm 180° (heiannsdo ëm 360°). Dës Dréiung gëtt als Resupinatioun bezeechent.
[änneren] Wuesstumsformen
Orchideeë wuessen:
- epiphytesch, op anere Planzen (awer net als Parasit)
- terrestresch, um Buedem
- lithophytesch, op Fielsen oder Steng
Méi wéi d'Hallschent vun den tropeschen Aarte lieft epiphytesch.
[änneren] Orchideeën zu Lëtzebuerg
Am Land goufe bis haut 46 Orchideeënaarte nogewisen, wouvunner awer 10 ausgestuerwe (†) sinn.
- Aceras anthropophorum, Gehaangene Männchen;
- Anacamptis pyramidalis;
- Cephalanthera damasonium, Bëschvillchen; C. longifolia; C. rubra;
- Coeloglossum viride;
- Cypripedium calceolus †;
- Dactylorhiza fuchsii; D. incarnata; D. maculata, Jongekraut, Kiercheschlëssel; D. majalis, Jongekraut; D. praetermissa †; Dactylorhiza sambucina †;
- Epipogium aphyllum, Widerbaart;
- Epipactis atrorubens; E. helleborine; E. leptochila; E. microphylla; E. muelleri; E. palustris; E. purpurata;
- Goodyera repens;
- Gymnadenia conopsea, Jesushand; G. odoratissima;
- Herminium monorchis †;
- Himantoglossum hircinum;
- Limodorum abortivum †;
- Listera ovata;
- Neottia nidus-avis, Vullennascht;
- Ophrys apifera, Bei; O. holosericea, Bommel; O. insectifera, Jëfferchen, Méck; O. sphegodes, Afekapp, Spann;
- Orchis coriophora (=Anteriorchis coriophora) †, O. mascula, O. militaris, Kärzeblumm; O. morio, Kéisblumm; O. palustris †; Kruuchteblumm; O. purpurea; O. simia †; O. tridentata †; O. ustulata †;
- Platanthera bifolia, Kräizblumm; P. chlorantha, Kräizblumm;
- Pseudorchis albida †;
- Spiranthes aestivalis †.
[änneren] Lëtzebuergesch Orchideeëfuerscher (tropesch Aarten)
- Orchideeën aus Südamerika: Jean Linden, Nicolas Funck, Joseph Schlim.
- Aus Afrika: Edouard Luja.
[änneren] Literatur
- Mangen, J.-M., G. Colling, J.A. Massard & E. Medernach, 1997. Die Orchideen Luxemburgs. Musée national d'histoire naturelle a Société des naturalistes luxembourgeois. 143 S. Aquarellzeechnungen vum Alan Johnston. (2. geännert Oplag; 1. Oplag 1993). (Mat enger ausféierlecher Bibliographie iwwer d'Erfuerschung vun den Orchideeën zu Lëtzebuerg an och den tropeschen Aarten duerch lëtzebuergesch Botaniker).
- Reichling, L., 1970. Die Gattung Epipactis in Luxemburg. Jahresberichte des naturwissenschaftlichen Vereins Wuppertal 23: 88-97.
- Reichling, L. et al., 1975. Die Orchideen des Deutsch-Luxemburgischen Naturparks. Decheniana 127: 261-262.
- Schlechter, R., 1985-2003. Die Orchideen. 4 Bd. & Regist., Blackwell Verlag, 3. Oplo, iwwerschafft vum Senghas, K.; 1985-2003.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Orchideeën (Orchidaceae) – Biller, Videoen oder Audiodateien |