Ordre d'Orange-Nassau

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Plack vum Uerden, déi beim Grand-Croix an Grand-Officier lénks un der Broscht gedroe gëtt

Den Ordre d'Orange-Nassau (op hollännesch : Orde van Oranje Nassau) ass eng zivil a militäresch hollännesch Auszeechnung, déi de 4. Abrëll 1892 duerch d'Regentin Emma de Waldeck-Pyrmont, am Numm vun hirer deemools nach net groussjähreger Duechter, der spéiderer Kinnigin Wilhelmine vun Holland, geschaf gouf.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

D'Ritterkräiz am Ordre Orange-Nassau

1841 huet de Wëllem II. vun Holland als Groussherzog vu Lëtzebuerg den Ordre de la couronne de chêne geschaf. Obschonns et keen offiziellen hollänneschen Uerden ass, hunn eng Partie hollännesch Personnalitéiten dësen Uerden bis zum Doud vum Wëllem II kritt, bis zum Zäitpunkt also wou Lëtzebuerg onofhängeg gouf.

D'Noutwendegkeet ass also empfond gi fir en drëtten hollänneschen Uerden (no dem Ordre de Guillaume an dem Ordre du Lion néerlandais) ze schafen.

Am Zweete Weltkrich, gouf dësen Uerden souwuel un hollännesch Militärpersounen wéi och u Membren vu Geheimdéngschter, déi zur Liberatioun vun Holland vum däitsche Jach bäigedroen hunn, verginn. Haut ass dësen Uerden d'Haaptauszeechnung an Holland. Traditiounsgeméiss fënnt d'Auszeechnung all Joer den 30. Abrëll, dem Anniversaire vun der Kinnigin, statt. Mat dësem Uerde ginn och Prënzen, Ministeren, Diplomaten an aner Wierdenträger aus dem Ausland geéiert.

D'Graden haut [änneren]

D'Officierkräiz am Ordre Orange-Nassau

Ausser dem Kinnek, dee Grand-Maître vum Uerden ass ginn et 6 Graden:

  • Grand-Croix
  • Grand-Officier
  • Commandeur
  • Officier
  • Chevalier a
  • Membre

Insignen [änneren]

D'Medail vum Uerden ass e Malteserkräiz an Email, mat an der Mëtt dem gëllene Léiw aus dem hollännesche Wopen. Am wäisse Krees rondrëm steet déi hollännesch Devise: Je Maintiendrai. D'Medail gëtt gedro vun engem orangefarwegen Band, dee wäiss a blo agebäert ass.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Ordre d'Orange-Nassau – Biller, Videoen oder Audiodateien