Organization of the Petroleum Exporting Countries

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fändel vun der OPEC

D'OPEC, Organization of the Petroleum Exporting Countries - Organisatioun vun de Länner déi Pëtrol exportéieren, gouf op enger Konferenz am September 1960 zu Bagdad gegrënnt. D'Grënnungslänner waren den Irak, Iran, Kuwait, Saudi-Arabien a Venezuela.

Spéider hu sech sechs weider Staaten ugeschloss: Katar (1961), Indonesien (1962), Libyen (1962), d'Vereenegt Arabesch Emiraten (1967), Algerien (1969) an Nigeria (1971). Ecuador war vun 1973 bis 1992 Member an de Gabun vun 1975 bis 1994.

Zanter 1965 huet de Kartell säi Sëtz zu Wien.

D'OPEC-Memberstaate fërderen ca. 40% vun der weltwäiter Pëtrolsproduktioun a verfügen iwwer dräi Véirel vun de weltwäite Pëtrolsreserven. Allerdéngs vermudde verschidden Experten, ë.a. de Matthew Simmons), datt d'Donnéeen iwwer d'Reserven zum Beispill vu Saudi-Arabien net zoutreffen. Nodeems all Net-OPEC-Staaten hire Fërdermaximum "Peak-Oil" iwwerschratt hunn, ass ze erwaarden datt den Afloss vun der OPEC steige wäert. Ënnert den 10 gréisste Pëtrolsfërderer weltwäit sinn nëmme Saudi-Arabien, Iran, Venezuela an d'VAE Member an der OPEC.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Memberstaaten

Memberstaate vun der OPEC
Afrika
Mëttleren Osten
Südamerika
Südost-Asien
Fréier Memberen

[änneren] Organer an Aflossberäich

Beim Iwwerschreide vu festgeluegte Quote kann d'OPEC Sanktiounen aleeden. D'Organisatioun funktionéiert folgendermoossen:

Zweemol am Joer treffe sech d'Ministere vun der OPEC déi fir Energie a Pëtrol zoustänneg sinn, fir de Stand vum Pëtrolsmaart ze beuerteelen a Moossnamen anzeleeden, fir d'Offer vum Pëtrol ze sécheren. D'Konferenz mécht dann déi nei Richtlinne publik.

Den OPEC-Sekretariat féiert d'exekutiv Fonktiounen aus. Him ënnerleien d'Aufgabe vun der Fuerschung am Beräich Energie a Finanzen. Ausserdem gi Statistiken erstallt a verëffentlecht. Och Virträg a Seminaire leien am Aufgabeberäich vum Sekretariat. Ausserdem huet de Sekretariat eng grouss Bibliothéik, déi fir d'Vertrieder vun de Memberstaaten a fir Fuerscher a Studenten op ass. Finanzéiert gëtt de Sekretariat duerch Beiträg vun de Memberstaaten.

De Representant vun der OPEC ass de Generalsekretär, deen och Leeder vum Sekretariat ass. Dëse gëtt entweder fir dräi Joer gewielt oder alphabetesch duerch e Rotatiounsprinzip fir zwee Joer ernannt.

Departementer vum Sekretariat sinn: Fuerschung, Energiestudien, Wirtschaft a Finanzen, Dateservice, Personal a Verwaltung, OPECNA (OPEC-News Agency), Bureau vum Generalsektretär an Droit.

[änneren] Generalsekretäre vun der OPEC

[änneren] Objektiver

Den Objektiv vun der OPEC ass eng gemeinsam Uelegpolitik, fir sech ënner anerem géint e Präisverfall ofzesécheren. Duerch d'Festleeë vun de Fërderquote fir déi eenzel OPEC-Membere soll d'Pëtrolsproduktioun geregelt ginn an doduerch, mat Hellëf vun enger Drosselung oder Steigerung vun der Pëtrolsfërderung, de Präis fir de Pëtrol gedréckt, stabiliséiert oder ugehuewe ginn. Allerdéngs kënnt et och fir, datt sech eenzel Memberen net un déi festgesate Fërderquoten halen an hir eege wirtschaftlech a politesch Ziler verfollegen.

[änneren] Geschicht

OPEC Zentral zu Wien

Während den 1950er Joren ass de Pëtrolspräis erofgaangen, well emmer nei Quellen erschloss goufen, an d'Offer um Weltmaart gewuess ass. Dëst huet zu schwéiere Verloschter an de Staatsskeese vun de Pëtrolslänner gefouert. Ëm 1960 hate vill vun dëse Staaten eescht Haushaltskrisen. An dëser Situatioun huet Saudi-Arabien de Virschlag gemaach, e Fërderkartell ze grënnen. Et sollt net nëmmen de Montant vum Pëtrol kontrolléieren, dee gefërdert gëtt, mee och e Géigegewiicht zu de grousse Pëtrolskonzerner bilden, déi op der Basis vun Traitéen aus der Kolonialzäit hir Gewënner ouni Bedeelegung vun de Staaten erwirtschaft hunn, op deenen d'Pëtrolsquelle louchen.

De 14. September 1960 gouf d'OPEC zu Bagdad gegrënnt. Hir éischt Membere waren Irak, Iran, Kuwait, Saudi-Arabien a Venezuela. Als éischt Moossnahme goufen eng Verstaatlechung vun de Pëtrolsquellen, d'Ofschwätze vum Fërdermontant an eng méi héich Besteierung vun de Pëtrolsfirme beschloss. D'Steiere sollten eng Geldquell opmaachen, déi onofhängeg vum Fërdermontant ass. Am Ufank gouf d'OPEC weltwäit net wierklech wichteg ageschat, zemol well si nëmmen e klengen Deel vun de Fërderlänner ëmfaasst huet.

1965 gouf Wien zum Sëtz vun der OPEC. D'Länner hunn sech op eng gemeinsam Fërderpolitik geeenegt, fir d'Präisser ze stäipen.

1970 gouf de Präis vum réie Pëtrol ëm 30% an d'Luucht gehuewen an d'Pëtrolsgesellschaften hu misse Stéieren an der Héicht vu mindestens 55% vun de Nettoverdingschter bezuelen.

1971 goufen no Verhandlunge mat anere Pëtrolskonzerner d'Präisser fir réie Pëtrol an d'Luucht gehuewen. Weiderhin huet d'OPEC e Staatsundeel vun iwwer 50% ugestriewt.

1973 ass de Pëtrolspräis vun 1972, 2.89 US-$ pro Barrel, op 11.65 Dollar an d'Luucht gaangen, nodeems d'OPEC als Reaktioun op de Jom-Kippur-Krich e Pëtrolsboykott géint d'westlech Staaten ausgeruff hat. Zu dëser Zäit hunn d'OPEC-Staate 55% vum Weltbedarf u Pëtrol gefërdert. Dësen Zäitraum gëtt als Éischt Pëtrolskris bezeechent.

Vun 1974 bis 1978 goufen d'Pëtrolspräisser meeschtens all halleft Joer ëm 5 bis 10 % erhéigt, fir d'Inflatioun vum US-Dollar ze kompenséieren.

1975 Geiselnahm am Wiener OPEC-Haaptgebai duerch Terroristen ënnert dem Carlos

1979 koum déi 2. Pëtrolskris. No der islamescher Revolutioun gouf de Pëtrolspräis vun 15,5 op 24 US-Dollar pro Barrel ugehuewen, Libyen, Algerien an den Irak hu suguer 30 US-Dollar fir hire Pëtrol verlaangt.

1980 war den Héichpunkt vun der Héichpräispolitik vun der OPEC, Libyen huet 41 US-Dollar verlaangt, Arabien 32 an déi aner OPEC-Staate 36 US-Dollar pro Barrel.

1981 ass de Pëtrolofsaz zeréckgaangen. D'Industriestaate waren a Rezessioun an opgrond vun den héije Pëtrolspräisser an der éischter Pëtrolskris hun vill Länner an alternativ Energiequellen investéiert, wat an de Jore 1979 bis 1983 de weltwäite Pëtrolverbrauch ëm 11% an de Weltmaartundeel vun der OPEC ëm 40 % zeréckgoe gelooss huet.

1982 gouf eng Produktiounsdrosselung beschloss, déi awer net agehale gouf. Den OPEC-Undeel um Weltmaart ass op 33% erofgaangen an 1985 op 30%, d'Fërderung hat hiren Déifstwäert mat 17,34 Mio. Barrel pro Dag ereecht.

1983 goufen d'Präisser vun 34 op 29 US-Dollar pro Barrel erofgesat, d'Fërderquote vun 18,5 op 16 Mio. Barrel pro Dag. D'Kartell vun der OPEC huet d'Muecht verluer.

1986 ass de Präis op manner wéi 10 US-Dollar pro Barrel gefall. Dëst koum duerch eng Iwwerproduktioun vu Pëtrol an dem Versuch vu vereenzelten OPEC-Staaten, hir Plaz um Weltmaart ze verbesseren, andeems si d'Präisser erofsetzen. Duerch dëse staarke Präisverfall war d'OPEC an enger Kris, wat d'Ministeren dozou verulasst huet, 1988 Diskussioune mat de Staate vun der IPEC, den "Independent Petroleum Exporting Countries", ze féieren. Dës haten awer kee groussen Effet.

1990 gouf de Riichtpräis vun 18 op 21 Dollar pro Barrel erhéigt. D'Präisziil gouf nëmmen opgrond vum Zweete Golfkrich an der Invasioun vum Kuwait erreecht.

An de Joren 1990 bis 1994 gouf de Fërdermontant ëm 8,5 Prozent erhéigt, trotzdem sinn d'Recetten duerch de Pëtrolsexport vun 143 Milliarden an der Moyenne op 126 Milliarden Dollar pro Joer erofgaangen.

De Pëtrolspräis louch am Abrëll 2005 bei ronn 55 Dollar pro Barrel. D'US-Pëtrolspräisser hunn den 11. August 2005 mat 66 Dollar e Rekordhéich erreecht. De Grond läit haaptsächlech am chinesesche Wirtschaftsboom. 1990 huet China fënnef mol méi Pëtrol exportéiert wéi importéiert. Zanter 1993 huet China méi Pëtrol importéiert wéi exportéiert. Zanter 2003 importéiert et méi Pëtrol wéi Japan. 2004 huet d'Räich vun der Mëtt 120 Milliounen Tonne Pëtrol a Pëtrolsproduiten importéiert. D'OPEC schätzt, datt an den nächsten 30 Joer ronn 23 % vun der Nofro vu China ausgoe wäert.

Südkorea huet virgeschlo fir en Zesummeschloss vun de Länner déi Pëtrol importéieren ze grënnen, als Géigegewiicht zu der OPEC.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Quellen

  1. http://news.xinhuanet.com/english/2007-10/24/content_6931568.htm Ecuador nees Member vun der OPEC]
Commons: OPEC – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen