Oscar Stamet

Vu Wikipedia
Oscar Stamet
Gebuer 9. September 1913
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. August 1981
Homburg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ugräifer


Den Oscar Stamet oder Oskar Stamet, gebuer den 9. September 1913 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 21. August 1981 zu Homburg, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[2] Den eenzege Foussballmatch op den Olympesche Spiller ass mat 0:9 géint déi däitsch Foussballnationalekipp verluer gaangen.

Tëscht dem 10. November 1935 am 22. Mee 1949 huet den Oscar Stamet 18-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 6 Goler geschoss.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Oskar Stamet op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Den Oscar Stamet op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Gearchiveerd op 2012-02-19. Gekuckt de(n) 2011-04-30.
  3. D'lëscht vun de Lännermatcher vum Oscar Stamet op der Websäit european football