Oskar Lafontaine

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Oskar Lafontaine, Mäerz 2011.

Den Oskar Lafontaine (* 16. September 1943 zu Saarlouis-Roden) ass en däitsche Linkspartei Politiker.

Säi Liewen [änneren]

Hien huet Physik op der Universitéit Saarbrécken studéiert. Dräizéng Joer laang, vun 1985 bis 1998, war hie Ministerpresident vum Saarland. Wéi seng Partei, d'SPD, 1998 un d'Regierung koum, ass hie Bundesfinanzminister ginn. Mee schonns den 11. Mäerz 1999 huet hie vun deem Posten demissionéiert, wéi hie sot wéinst engem "Mangel u Kooperatioun" am Regierungskabinett.

De Lafontaine ass bestuet mat der Christa Müller an huet mat hir ee Bouf, de Carl Maurice (* 1997).

Am Mee 2005 wosste vill Zeitungen ze mellen, datt de Lafontaine géif plangen d'SPD ze verloossen an eng nei Lénkspartei, d'Wahlalternative Arbeit und soziale Gerechtigkeit (WASG) an déi nächst Wale féiere wéilt.

Wierker (Auswiel) [änneren]

  • Das Herz schlägt links; Econ; 1999
  • Die Wut wächst; Ullstein Taschenbuch; 2003
  • Politik für alle; Econ; 2005

Um Spaweck [änneren]

Commons: Oskar Lafontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien