Osservatorio Astronomico della Montagna Pistoiese
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten:
44° 03’ 47’’ N 10° 48’ 15’’ O
Den Osservatorio Astronomico della Montagna Pistoiese ass en astronomeschen Observatoire um Pian dei Termini nordëstlech vu San Marcello Pistoiese an der italienescher Regioun Toskana a gëtt dofir och als Osservatorio di Pian dei Termini bezeechent. E gëtt vum Grupp Astrofili Montagna Pistoiese, engem Veräin vun Amateurastronomen, bedriwwen.
En huet zwou Observatiounskuppelen déi mat Newton-Teleskopen ( Duerchmiesser 40 resp. 60 cm) ausstafféiert sinn. Den Observatoire gëtt wéinst senger Lag a klorem Himmel gäre vu Wëssenschaftler vun den toskaneschen Universitéite benotzt.