Osservatorio Astronomico di Suno

Vu Wikipedia

Den Osservatorio Astronomico „Galileo Galilei“ di Suno ass en astronomeschen Observatoire am Gemengendeel Motto Zufolone zu Suno, Provënz Novara (Italien).

E gouf vun der Associazione provinciale astrofili novaresi (A.P.A.N.) opgebaut a goung am Joer 1985 a Betrib.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptteleskop ass en Newton-Teleskop mat engem Spigelduerchmiesser vu 400 mm an enger Brennwäit vun 2200 mm. D'Féierungsteleskop ass en Newton-Teleskop mat engem Spigelduerchmiesser vun 200 mm an enger Brennwäit vun 1800 mm. Als Sichinstrument déngt e Refrakter mat engem Lënsenduerchmiesser vun 120 mm. Déi dräi Teleskope sinn ënner enger beweeglecher Kuppel op enger equatorialer Montéierung festgemaach. Fir Fotoe gëtt eng CCD-Kamera Starlight Xpress SXV-9H gebraucht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]