Ossip Zadkine

Vu Wikipedia
Ossip Zadkine
Gebuertsnumm Иосель Аронович Цадкин
Gebuer 4. Juli 1888
Gestuerwen 25. November 1967
Paräis
Nationalitéit Frankräich, Russescht Keeserräich
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts,
University of Westminster
Aktivitéit Sculpteur, Moler, Graveur, Universitéitsprofesser, Illustrateur, Enseignant, Graphiker
Member vun Koninklijke Vlaamse Academie van België voor Wetenschappen en Kunsten

Den Ossip Zadkine, gebuer de 14. Juli 1890[1] zu Wizebsk, haut Wäissrussland, a gestuerwen de 25. November 1967 zu Paräis, war e wäissrussesch-franséische Sculpteur a Moler. Hie gëllt als bedeitende Vertrieder vun der kubistescher Skulptur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Ossip Zadkine gouf 1890 am deemolege russesche Keeserräich gebuer an huet seng Kandheet zu Smolensk verbruecht, éier säi Papp, e Professer, hien Ufank des 20. Joerhonnert an England geschéckt huet fir Englesch a gutt Manéieren ze léieren.[2] Do huet hien och Konscht studéiert. Am Hierscht 1909 ass hien op Paräis komm, wou hien e puer Méint op der École des beaux-arts war, éier hien als onofhängege Kënschtler ugefaangen huet. Den Ossip Zadkine ass ni méi a seng Heemecht zeréckgaangen. Zu Paräis huet hie Frëndschaft mat aneren avantgardistesche Kënschtler wéi dem Pablo Picasso geschloss an ass en Deel vun der deemools neier kubistescher Beweegung ginn.[1][2] An den 1920er konnt hie sech och international etabléieren.

Well hie jiddesch Virfahren hat ass de Zadkine wärend dem Zweete Weltkrich an d'USA geflücht, wou hien am Enseignement geschafft huet. 1945 ass hien zeréck op Paräis gaangen. 1946 war hien am zerbommte Rotterdam, wat hien déif beweegt huet an hien zu engem vu senge bekanntste Wierker inspiréiert huet, D'zerstéiert Stad.[1][2]

Op der Biennale vu Venedeg krut den Zadkine 1950 de grousse Präis fir Skulpturen an 1960 de grousse Präis vun der Stad Paräis.[2]

1982 huet d'Stad Paräis nom Wëllen an der Ierfschaft vum Zadkine senger Wittfra Valentine Prax de Musée Zadkine an deem sengem fréieren Atelier opgemaach.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ossip Zadkine – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Biographie um Site vum Zadkine Research Center
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Biographie an der Encyclopædia Britannica (10. Juni 2005)