Ostarbeiter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Mam Begrëff Ostarbeiter goufen am "Drëtte Räich", besonnesch an de Joren 1942-1945 Leit aus de vun Däitschland besate Länner an Territoiren an Osteuropa (virun allem Polen, Wäissrussland, Ukrain, Russland, Baltesch Staaten) genannt, déi praktesch "vun der Strooss ewech", gefaange geholl goufen an an d'Reich deportéiert goufen, fir do gezwongen ze ginn, an de Fabrécken oder an de Felder ze schaffen. Si goufen, der "völkischer" Nazi-Ideologie no, als Zweet-Klass-Mënschen ugesinn an och esou behandelt; esou war et "Reichsdeutschen" streng verbueden, mat hinne Kontakt opzehuelen; och hir Iessensratioune ware méi kleng a vu méi schlechter Qualitéit wéi déi vun der "normaler" Bevëlkerung, a bei Fligeralarm hate se kee Recht op eng Plaz an engem Bunker.

"Ostarbeiter" zu Lëtzebuerg [1] [änneren]

Och zu Lëtzebuerg, dat zënter Mee 1940 vun Hitlerdäitschland besat war, goufe vun 1942 u massiv Aarbechtskräften an der Stolindustrie gebraucht, nodeems eng zwielefhonnert vun hinnen an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert gi waren, an op der anerer Säit d'Krichsproduktioun ëmmer méi Stol gebraucht huet.

De Chef der Zivilverwaltung Gustav Simon war ufanks dergéint, Ostarbeiter an d'Land ze loossen, well e gefaart huet, seng "Germaniséierungspolitik" vu Lëtzebuerg, déi souwisou schonn net esou goung, wéi hien et gär gehat hätt, géif doduerch nach weider erschwéiert ginn. Wa schonn, hätt hie léiwer Krichsgefaangener gehat, well déi direkt vun der Wehrmacht bewaacht goufen. De 27. September 1942 huet hien awer dem Drock vun de Responsabelen an de Schmelzen noginn, déi dringend bis zu 3000 zousätzlech Aarbechtskräfte gefuerdert hunn, an huet erlaabt, datt 1500 Ostarbeiter a 500 sowjetesch Krichsgefaangener op Lëtzebuerg kéinte kommen.[2]

Den 8. Oktober 1942 sinn déi éischt 230 Ostarbeiter, no laanger Rees a Véiwaggonen, zu Esch ukomm,[3] an an de Méint dono weider honnerte vun hinnen. Ënnerbruecht goufe se zum Deel a préfabriqués hëlze Braken, zum Deel a Gebaier déi eidel stoungen, oder gelount goufen.

Et sinn am gazen 8 Lager bekannt, wou se ënnerbruecht goufen:[4]

Lager (offiz. Numm) Uertschaft wou genee Aarbechtsplaz
Gemeinschaftslager der DAF Esch/Alzig Esch-Belval Raemerech Arbed-Belval
Lager Gruben Esch-Hiel Minière Heinzebierg Arbed
Lager Schloß Esch Berwarter Schlass Arbed-Schëffleng
Gemeinschaftslager der DAF Düdelingen Diddeleng Beetebuerger Strooss Arbed-Diddeleng
 ? Déifferdeng Op der Schlakemillenl Differdinger Stahlwerke AG (ex-Hadir)
Lager Kaiser Péiteng Café Kaiser, Groussgaass Reichsbahn, mä och Rodanger Schmelz
Lager Kuba Péiteng Café Kuba, Lëtzebuergerstrooss Reichsbahn, mä och Rodanger Schmelz
. Stad Lëtzebuerg Schläifmillen .
. Esch-Lalleng * . Arbed

* och Ostarbeiter, mä virun allem Belsch "Dienstverpflichtete".

Wann d'Ostarbeiter haaptsächlech hu misse fir d'Stolindustrie schaffen, sou goufe se och zum Deel op der Eisebunn oder fir Aarbecht op de Felder agesat. Dacks goufen der och eng Partie vun hinnen an Däitschland transportéiert, fir do ze schaffen, oder zäitweileg Leit vun do op Lëtzebuerg bruecht, deemno, wou se grad am meeschte gebraucht goufen. Aus deem Grond, an och, well se néierens op der Gemeng gemellt waren, kann haut just geschat ginn, wéivill Ostarbeiter zu Lëtzebuerg zum Schaffe gezwonge goufen: 977 eenzel Nimm si bekannt, déi z. B. a Quelle wéi den Archive vun der Arbed erëmzefanne sinn, mä wann een d'lafend Nummeren, déi se kruten, als Basis hëlt, kënnt een eleng zu Esch an zu Déifferdeng op 1585 Leit.[5].

D'obligatorescht Zeeche fir op de Kleeder

Et huet sech dobäi ëm Männer a Fraen am Alter vun 0 bis 58 Joer gehandelt: 3 Kanner sinn zu Lëtzebuerg gebuer ginn, mä dee groussen Deel war tëscht 15 an 19 Joer al.[6] Déi meescht vun hinne ware Bierger vun der Sowjetunioun (Russen, Ukrainer, Wäissrussen), et waren och Polen oder Leit aus de Baltesche Staaten ënnert hinnen.

Si hu missen en Zeechen op der Kleedung droen, e sougenannt Ostarbeiterabzeichen, dat aus engem Rechteck, an deem d'Buchstawen "OST" stoungen.[7]

tbc

Literatur [änneren]

  • Fernando Ricardo Baptista Barra: "Les 'Ostarbeiter' dans la sidérurgie luxembourgeoise (1942-1945)." In: Terres rouges. Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, tome 1. Collection dirigée par Charles Barthel et Josée Kirps. Luxembourg: Centre d'études et de recherche européennes Robert Schuman, Ministère d'´État, Archives nationales du Luxembourg, Ministère de la culture, de l'enseignement et de la recherche, 2009, S.16-70. Online als PDF-Datei.
Commons: Ostarbeiter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. Dëst Kapitel baséiert op der Aarbecht vum Fernando Ricardo Baptista Barra (2009).
  2. Barra S.23f. Gefaange sowjetesch Zaldoten ("Krichsgefaangener") koumen, souwäit bekannt, keng op Lëtzebuerg.
  3. Barra S.29.
  4. Barra S.30-32
  5. Barra S.35.
  6. Vu 464 Aarbechter bei der Arbed waren eppes méi wi d'Hallschecht, vun 395 Leit zu Déifferdeng esouguer 80% 15-19 Joer al. Source: Auswäertung vun Aarbechtskaarten. S.38-39.
  7. Dekret vum CdZ vum 8.7.1943; zit.n. Barra, S.41.