Ota Nalezinek

Vu Wikipedia
Ota Nalezinek
Gebuer 4. Mee 1930
Gestuerwen 16. Januar 2022
Nationalitéit Lëtzebuerg, Tschechoslowakei
Aktivitéit Moler, Graphiker


Den Ota Nalezinek, gebuer de 4. Mee 1930 zu Lomnice nad Popelcou an der deemoleger Tschechoslowakei, a gestuerwen de 16. Januar 2022[1], war en tschechesch-lëtzebuergesche Moler, Graphiker, Textilkënschtler a Restaurator.

Den Ota Nalezinek huet op der Pedagogescher Fakultéit vun der Karls-Universitéit vu Prag studéiert.

1969 ass hien, nom Amarsch vun den Truppe vum Warschauer Pakt an der Tschechoslowakei, op Lëtzebuerg emigréiert, an huet 1977 d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.

Zu sengem Wierk zielen ë. a. Mosaicker, Keramiken, Serigraphien, Buchillustratiounen, Wäinetiketten an Entwërf fir Timberen.

1976 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Ota Nalezinek gestorben." wort.lu, 16.01.2022.