Otto Braun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Otto Braun (* 28. Januar 1872, Königsberg (haut Kaliningrad) Ostpreisen); † 15. Dezember 1955, Locarno, Schwäiz) war en däitsche Politiker (SPD) an der Weimarer Republik.

Als Ministerpresident vum Freistaat Preisen war de Braun staark dorunner bedeelegt, d'republikanescht "Bollwerk Preußen" an der Weimarer Republik opzebauen. Am Géigesaz zur Räichspolitik geléngt et him a Preisen, eng gréisstendeels stabil Regierung ze etabléieren. A seng Amtszäit fält ënnert anerem d'Transformatioun vun der ëffentlecher Verwaltung ënnert demokrateschen Aspekter.

De Braun, deen dacks als Rouden Zar vu Preisen bezeechent gouf, ass souwuel en iwwerzeechte sozialen Demokrat wéi och e Preiss. Hie bedreift eng resolut an decidéiert Reformpolitik, déi ëmstridden ass, mee ëmmer am Kader vun der Legalitéit bleift. D'Grenze vun all deem ginn him um Enn vun der Weimarer demonstréiert. Nom Preiseschlag an der Muechtergräifung vum Hitler gëtt seng Reformpolitik nämlech séier a grëndlech revidéiert. Dem Braun seng Versich, mat legale Moossnamen dem illegale Virgoen entgéintzetrieden, bleiwe wierkungs- a bedeitungslos.

Commons: Otto Braun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen