Otto Diels

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Otto Diels

Den Otto Paul Hermann Diels, gebuer den 23. Januar 1876 zu Hamburg a gestuerwen de 7. Mäerz 1954 zu Kiel, war en däitsche Chemiker.

Hien ass op d'Humboldt-Universitéit zu Berlin gaangen, wou en ënner dem Emil Fischer geschafft huet. Zesumme mam Kurt Alder krut hien 1950 den Nobelpräis fir Chimie, fir hir Entdeckungen an d'Entwécklung vun der Dien-Synthes, déi och Diels-Alder-Reaktioun genannt gëtt. Vun 1916 bis 1945 war e Professer op der Universitéit vu Kiel.