Ouljen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ouljen
D'Kierch vun Ouljen
D'Kierch vun Ouljen
An anere
Sproochen:
fr: Olingen
de: Olingen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Gréiwemaacher
Kanton: Gréiwemaacher
Gemeng: Coat of arms betzdorf luxbrg.png Betzder
Buergermeeschter: Edgard Arendt (déi gréng)
Awunner Uertschaft: 436
()
Koordinaten: Gnome-globe.svg49° 40’ 50’’ N
     06° 18’ 54’’ O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Ouljen ass eng Uertschaft an der Gemeng Betzder.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ouljen läit am Sirdall op 231 m iwwer Mieresniveau, gemooss beim Kulturzenter, ongeféier 2 km nërdlech vum Widdebierg. Hei fléisst d'Waasser vun der Roudemerbaach zesumme mat deem vun der Fëschbech an der Aasselbaach vu lénks an d'Sir, déi genee wéi d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg südlech vum Duerfzentrum laanscht leeft. Wéineg méi wäit, a Richtung Betzder, beim Intesak, kënnt nach d'Busbaach vu lénks mat derbäi. Nieft deene Waasserleef op Ouljer Terrain gëtt et nach d'Ouljer Fëschweieren tëscht Ouljen a Roudemer.

Geologesch gesi läit d'Uertschaft am Triasgebitt vu Musel an Ënnersauer, an engem Dall wou de Keuper op de Muschelkallek iwwergeet,[1] deem seng fruchtbar Biedem zu enger fréier Notzung als Akerland gefouert hunn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virgeschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Ouljen gëtt am Joer 1040 fir d'éischt Kéier schrëftlech ernimmt, 't gëtt awer eng etlech Hiwäiser [2] op eng méi fréi Besiidlung:

  • Eleng schonn déi gënschteg Lag am Sirdall mat senge fruchtbare Biedem an dat hafeweis disponibelt Waasser kënne fréi zum Usidele verlackelt hunn.
  • Um Widdebierg, deen ongeféier 2 km südlech vun der Uertschaft läit, si mënschlech Spure vun der Steenzäit bis zur gallo-réimescher Epoch fonnt ginn.
  • E puer vun den Ouljer Flouernimm [3] hunn dem Nicolas Leonardy no, e kelteschen oder germaneschen Urspronk (Nurris, Syr, Enkebuer, Querten)[2], anerer loossen op eng fréi Presenz vu Verbindungsweeër schléissen (Kiem, Alewee, Tréirerwee)[2].
  • D'Duerf louch an der Géigend vu wichtege Verkéiersoderen; nëmmen e puer Kilometer nërdlech huet de Réimerwee vun Duelem an Nidderaanwen (Andethana) erfort op Altréier an Iechternach gefouert, an direkt bei Beyeren, 6 km méi wäit am Süden, sinn déi grouss Réimerstroosse Reims-Arel-Tréier a Metz-Tréier openee gestouss.
  • Op den archeologesche Kaarten N° 18 an 23 sinn am Nurris [4] an am Stackbësch [5] e puer Hiwwelgriewer agedroen, wat drop schléisse léisst, datt Siidlungen an der Géigend waren. De Paul Modert stellt fest, datt Tumuli am Keupergebitt nëmmen op den Héichten[6] ugeluecht goufen, wat hei de Fall ass.

Toponymie[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm vun der Uertschaft ännert am Laf vun der Zäit vun Oldinga[7][8][9][10] iwwer Oldingin[11][12], Oldinge[13], Oldingen[14][15][16], op Oildenges (fr.)[17], Oildingen[18][19], Ouldingen[18], oldinghen[20], verléiert dann Ufanks vum 15. Jh. den „d“ a gëtt Oilingen[21][22], Olingen[23][24], Oelingen[25], Olyngen[26] an Ollingen[27], fir da vum 18. Jh. u seng haiteg Schreifweis Olingen[28] ze behalen. 't kann een dovun ausgoen, datt den “Oi“ resp. “Ou“ deem entsprécht, wat hautdesdaags wéi déi lëtzebuergesch Bezeechnung Ouljen kléngt.

Iwwer d'Bedeitung[29] vum Uertsnumm hu scho vill Leit sech de Kapp zerbrach an hir Meenunge sinn ausernee gaangen:

  • Baséiert op déi éischt Schreifweis (Oldinga) sinn do op der enger Säit Engling a Stronck, déi dee kelteschen oder iresche Stamm „alt“ fir „Floss“ oder „Baach“ zu Grond leeën, latiniséiert „olt“. Domat wier Oldinga e „Baachduerf“, wat net verwonnere géif, well do véier Baachen an d'Sir fléissen.
  • Den Nicolas Leonardy[30] gesäit am Numm Oildingen an Ouldingen dat angelsächsescht „Old“, verbonne mat der aldäitscher resp. angelsächsescher Endung „-ingen“, an den Nicolas Wies[30] an den de la Fontaine[30] ginn där Ofleedung de Virzock. Olingen géif also „iwwersat“ den Numm „Altdorf“ droen.
  • De Joseph Meyers[31] geet méi wäit andeems datt hien déi aldäitsch Virsilb ALDA (got. alds, ahd. alt, lat. vetus) virschléit, déi den Ernst Förstemann[32] allerdéngs nëmme mat Persounennimm verbënnt; si huet awer och d'Bedeitung vun „al“.

Historesch Dokumenter[änneren | Quelltext änneren]

  • 1096: nodeem dat e säi Verméigen ënner seng Kanner verdeelt a säin Edem ofgeluecht huet, schenkt[33] de Gerhard [vu Veianen] bei sengem Antrëtt an d'Iechternacher Klouschter dësem seng villa Geichlingen („Gichelinga“) mat allem Ëmgeréits. Dësen Acte gouf – nieft aneren – vum „Thiefridus de Oldinga[34] ënnerschriwwen.
  • de 6. Mee 1140[10] bekennt de Poopst Innozenz II., datt en op Ufro vum Abt Siger vu St. Maximin dëst Klouschter ënner säi besonnesche Schutz gestallt huet, wéi scho seng Virgänger, a confirméiert deem seng Immunitéit a Proprietéiten. Zu deene gehéieren am Äerzstëft Tréier d'Kierche mat de villae an Ëmgeréits vun – ënner aneren – Wuermeldeng (Murmiringa), Bierg (Berga), [Waasser]bëlleg (Billicha), Mäertert (Marchedictum), Ouljen (Oldinga), Schëtter (Schitelinga), Mutfert (Mudevurt), ...., asw.
  • de 6. Februar 1299[15] erkläert de Jang vun Ouljen (Johannes dictus de Oldingen), datt hien all seng Rechter op en Terrain bei Bierg un den Egide vu Bäerbuerg (Egidii de Repaix) ofgetrueden huet, deen dorop baue wëllt.
  • den 10. Juni 1304[16] mécht de Ritter Henri, Här vu Bartreng (Birtringen), mat Awëllegung vu senger Fra Greta (mit gunst unnd zulassong – welche – zu ersuchenn und haben von notenn ist) säin Testament (myn testament oder lestenn willen) an iwwerléisst den Nonne vun Déifferdeng (in dem closter der andechtigenn Christi doechterenn unnd closterjonckfrauwen) all säi Besëtz an den Dierfer zu Ouljen (Oldingen), Bierchem (Berchem) a Betzder (Betissdorff) mat de Leit, Millen, Zënsen an alle Virrechter, déi e bis dohin hat.
  • den 29. Mäerz 1308[17] mécht den Här vu Buerschent (Nous Soihiers, sires de Bourxey, cevaliers) eng Erklärung, an där et ëm den Zéngten – dräi Malter Weess – vun den Déifferdenger Nonnen (les dammez religiouse, c'est asavoir li abesse et li covens de Thiefredenges) zu Betzder (Bettenstorf deleiz Oildenges) geet.
  • den 21. Juni 1430[19] erkläert den Heymann vun Oildingen, datt säi Schwéierpapp Heymann „der suffer“ Problemer mam Klouschter vu (Münster) wéinst der Cense von Rodenborn hat. Am selwechte Joer war en Nicolas von Oildingen („nuntze“) an der Nikloskierch an der Stad.
  • beim eelsten erhalene Feierstätteverzeechnes[21] vu 1473 am Duché vu Lëtzebuerg ginn zu Oillingen „9 livres et 12 sols“ ageholl, wat bei engem „Taux au pieds de 12 patars (de 15 groz) chascun feu“ 16 Stéit entsprecht. Domat war Ouljen déi gréisst Uertschaft an der haiteger Gemeng Betzder (Bierg a Rued-Sir hate jiddwereng 4 Feierplazen, Betzder a Menster der 12)
  • am Schäffeweistum[23] vum 30. November 1483 zu "Hagelsdorff" (dat der Tréirer Abtei St. Maximin gehéiert huet) geet riets vum „Kurten Heynn zurzytt meyher zu Olingen“.
  • Gréiwemaacher war Sëtz vun enger Landriichterei, déi vun 1468 bis 1662 an den Hänn vun den Häre vu Fiels-Hiefenech war. Laut dem Feierstätteverzeechnes vu 1541 huet déi Landriichterei 33 Dierfer an Häff ëmfaasst, ënner deenen[35] "Olyngen", "Bettestorff" a "Rode uff der Seiren" waren.
  • am „Weistumb der sehner Betzdorff, Pfarren uff der Sieren“ vu 1556 fanne[36] mer:
„12. Item dem pastor ein wochen meß zu Olingen, darvon IV gulden
„29. Item der hoff zu Olinge gibt dem pastor allein den kleinen zehenden
„30. Item der hoff bruell bey der mullen zu Olinge gibt allein dem pastor zehenden
„Diß weisthumb habe gethan im jair 1556 de 25. tagh may die nachgeschriebene siener als mitt nahmen: ... Claiß Hoffmann zu Olingen, Theiß Schultheis zu Olingen ...“
  • Ouljen[37] hat virum 30-järege Krich (1635) 23 Stéit, 1656 nëmmen nach néng „Leibeigene Güter“. D'Leit hunn alleguer Scholden (tëschend 150 an 1000 Gulden). D'Gemeng huet 50 Muere Bësch mat Weedrecht. 't gëtt eng Gemengeschold vu 750 Gulden an 't sinn all halleft Joer 18 "Pistollen" Steier un "Diedenhofen" ze bezuelen. D'Millen, déi dräi verschiddenen Häre gehéiert, ass zerstéiert.
  • An engem ergräifende Bréif[38] vum 19. September 1713 biede 15 Museluertschaften, ënner hinnen och Ouljen, deenen "durch mandements so aus Köln ausgegangen, Gefängnis, militarische execution u. Brand" ugedreet gi war, de Wilhelm Wellenstein vun Éinen, fir beim preiseschen Intendant de Kappe zu Köln e gutt Wuert fir si anzeleeën, hir allgemeng "armuth" ze betounen, a wéinst hirer Kontributioun "zu tractieren".
  • Den 10. Januar 1741 ass Ouljen nach e Kapital[39] vu 70 Daler schëlleg, déi et virun iwwer 100 Joer am 30-järege Krich (den 19. Abrëll 1638) geléint hat.
  • Bei der Vollekszielung vu 1766 fir den Theresianesche Kadaster[40] hat Ouljen 29 Stéit an 216 Awunner; 24 Stéit hunn zur Par Betzder gehéiert, déi aner 5 zu Rued.
  • Den 31. Januar 1774 verkeeft[41] d'Keeserin Maria-Theresia dem Nik. Engel vun Ouljen de véierten Deel vu béiden "Zéngten" vun Ouljen, déi de Jesuite vu Lëtzebuerg gehéiert haten.

Demographesch Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Wéi een an der Tabell mat de Feierstätteverzeechnesser hei ënne gesäit, waren Ouljen a Menster vum 15. bis zum 18. Jh. déi Uertschafte mat deene meeschte Stéit resp. Feierplazen an der haiteger Gemeng Betzder, woubäi Ouljen meeschtens d'Nues vir hat.

1473
1495
1501
1525
1537
1635
1656
1766
Betzder
12
11
13
12
12
11
7
16
Stéit
Bierg
4
3
4
4
3
6
1,5
10
"
Menster
12
12
19
15
25
7
"
Ouljen
16
15
16
24,5
21
23
9
29
"
Rued-Sir
4
3
2
7
4
4
2
"
Total
48
44
54
55
69
26,5
"
Quellen:
Grob[42]
Grob
Grob
Grob
Grob
Oster[43]
Oster
CMT[44]

Vum 18. bis an d'20. Joerhonnert ass allerdéngs net méi vill zu Oulje geschitt, d'Awunnerzuele si bal konstant bliwwen. Sou hu 1766 déi 29 Stéit 216 Awunner ausgemaach, 1787 waren et der 220, 1943 e puer weider mat 237, 1960 erëm 220, an 1970 der 233. Dunn ass et awer rapid erop gaangen, 1983 waren et 271 Awunner[45], an 2009 der 436; Oulje gouf iwwerholl vu Menster mat elo 698 Awunner a Rued-Sir mat 1654, hannendru blouwen den Haaptuert vun der Gemeng, Betzder mat 189, a Bierg mat 135 Awunner.
Als Ursaachen heifir kann ee gesinn, datt zu Ouljen, e bëssen ofgeleeë vun den Haaptverkéiersachsen, weiderhin Akerbau bedriwwe gouf, andeems am 19. Joerhonnert zu Menster Steebréch um Widdebierg entstane sinn an zu Rued-Sir, dat laanscht d'Nationalstrooss vu Lëtzebuerg op Tréier läit, beim Bau vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier och nach eng Gare virgesi gouf. Domat hat Menster eng kleng Industrie an um Verkéiersknout vu Rued-Sir konnt de Commerce sech entwéckelen, derbaans zu Ouljen alles beim Ale blouf.

Pargeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Dokument aus deem d'Existenz vun enger Kapell[46] zu Ouljen ervir geet, ass dat weider uewen zitéiert Sehnerweistum vu Betzder vum 25. Mee 1556, wou dem Paschtouer 4 Gulde fir eng Wochemass zu Ouljen zoustinn an och weider Ofmaachunge getraff ginn, wat 't Bezuele vum Zéngten ugeet. 1570 ass eng Visitatioun an der Sir-Definitioun, Deel vum Landkapitel Miersch, ofgehale ginn, zu där d'Pare Beidler, Bäerbuerg, Betzder, Biwer, Konsdref, Fluessweller, Hemstel, Lënster, Mompech, Roudemer, Rued a Waasserbëlleg gehéiert hunn; am Visitatiounsrapport ginn als Filiale vu Betzder déi 3 Uertschaften Eeschweller, Wecker an Oulje genannt, an do gëtt och eng Kapell zu Ouljen ernimmt, déi den hl. Valentin als Patréiner huet.
Mer wëssen aus engem Protokoll vum Mierscher Dechen, datt zanter 1685 – a vläicht och scho virdrun – een Deel vun der Uertschaft zur Par Betzder, deen aneren zur Rueder Par gehéiert huet; aus der Vollekszielung vun 1766 (weider uewen) geet ervir, datt 24 Stéit zu Betzder a 5 zu Rued gezielt goufen. 1756 kënnt fir d'éischt Kéier e Geeschtlechen an d'Duerf, dee Sonndes an op Feierdeeg eng Fréimass hält a Schoulunterrecht fir déi Jugendlech gëtt; Ouljen ass awer nach weider eng Filial vu Betzder.
Ënner dem Napoleon gëtt Ouljen 1808 vu Betzder ofgetrennt an der Par Roudemer agegliddert, behält awer säin eegene Geeschtlechen. Well de Bëschof vun Namouer zougesot hat, aus Ouljen eng eegestänneg Par ze maachen, wann s' eng Kierch hätten, gouf den 9. September 1838 de Grondstee geluecht an de 14. August 1842 déi nei Kierch vum Roudemer Paschtouer N. Spanier ageweit. Am selwechte Joer goufen zwou nei Klacken zu Saarburg kaf.
Well awer an der Tëschenzäit Lëtzebuerg vum Bistum Namouer ofgetrennt gi war, hunn nei Verhandlunge fir 't Ariichte vun enger eegener Par missten ugefaange ginn, an de 25. Oktober 1844 war et dann sou wäit: Ouljen war eng autonom Par. Et koum awer zu där Zäit vu politeschen Onrouen nach zu villem Hin an Hier wéinst dem Ariichte vun enger Kierchefabréck, bis dann endlech 1874 definitiv eng eegestänneg Par mat Staatsgehalt fir de Paschtouer geneemegt war.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng Erënnerungsplack am Ouljener Bësch erënnert un de leschte Wollef, dee vum Jeeër Édouard Wolff am Joer 1893, op der Plack steet 1892, erluecht gouf. D'Promenade "Wollefswee" geet laanscht dës Plack.[47]
Ouljen vum Wangert aus gesinn. Am Hannergrond de Widdebierg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bertholet, Jean. 1997. Histoire ecclésiastique et civile du duché de Luxembourg et comté de Chiny. 9 Bd. Réimpr. de l'éd. de Luxembourg, 1741-1743. Éd. Musée en Piconrue, Bastogne.
  • Donckel, Emile, 1951. So ward die Pfarrei Olingen. In: Festschrift zur Orgelweihe in Olingen. 1951. Sankt Paulus-Dr, Luxemburg, 9-17
  • Förstemann, Ernst Wilhelm, 1966. Altdeutsches Namenbuch. Bd. 1, Personennamen. 3 Bd. Wilhelm Fink Georg Olms, München Hildesheim, 1700 Spalten.
  • Grob, Jacques-Willibrord. 1921. Dénombrements des Feux des Duché de Luxembourg et Comté de Chiny Documents Fiscaux de 1306 à 1537. Librairie Kiessling, Bruxelles, 796 p.
  • Hausmann, André: D'Ouljer Meedercher am II. Weltkrich in: 100 Joer Ouljer Musek : 1904 - 2004, Ouljer Musek, 2004, 243 S. illustréiert.
  • Jungandreas, Wolfgang, 1962. Historisches Lexikon der Siedlungs- und Flurnamen des Mosellandes. Lintz, Trier, 1206 S.
  • Léonardy, Nicolas, 1902. Orts- und Flurnamen meiner Heimath Olingen - kurz- und langweilige Erörterungen. Ons Hémecht 8, S. 195 – 202.
  • Majerus, Nicolas, 1955. Die Luxemburger Gemeinden nach den Weistümern, Lehenerklärungen und Prozessen. 7 Bd. Publications littéraires et scientifiques du Ministère de l'éducation nationale du Grand-Duché de Luxembourg,Sankt-Paulus-Dr, Luxemburg.
  • Meyers, Joseph, 1976. Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs. 3. Aufl. Études historiques, culturelles et littéraires du Grand-Duché de Luxembourg. Série A, Histoire générale et locale vol. 5. Krippler & cie, Luxembourg, 217 S.
  • Modert, Paul, 1947.Vor- Und Frühgeschichte Luxemburgs. P. Worré-Mertens, Luxemburg, 49 S.
  • Muller, Norbert, 1984. Geschichtliches über Olingen. In 80e Anniversaire les 13, 14 et 15 juillet 1984. Fanfare, Olingen, S. 71–76.
  • Musée d'histoire et d'art (Luxembourg), 1973. Carte archéologique du Grand-Duché de Luxembourg. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg.
  • Oster, Edouard, 1963. Die Besitzverhältnisse an unserer Mosel vor 300 Jahren. In Letzeburger Bauere-Kalenner. Bd. 15–16. Lëtzebuerg.
  • Thielen, Charles, Fons Wiltgen, Georges Eicher, Georgette Gueibe-Schmit, 2008. Le Dénombrement du Luxembourg 1766 sous l'Impératrice Marie-Thérèse en vue du Cadastre Thérésien: le Doyenné de Mersch. s.n., Luxembourg, 584 p.
  • Schmithüsen, Josef, 1940. Das Luxemburger Land: Landesnatur, Volkstum und bäuerliche Wirtschaft. Forschungen zur deutschen Landeskunde 34. S. Hirzel, Leipzig, 431 S.
  • Schon, Arthur, 1954. Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien von 1500-1800. Kremer-Müller, Esch.
  • Wampach, Camille, 1935-1955. Urkunden- und Quellenbuch zur Geschichte der altluxemburgischen Territorien bis zur burgundischen Zeit. 11 Bd. St. Paulus-Druckerei, Luxemburg. [2]
  • Wampach, Camille, 1930. Geschichte der Grundherrschaft Echternach im Frühmittelalter. 4 Bd. Luxemburger Kunstdruckerei vorm. M. Huss, Luxemburg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ouljen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Schmithüsen, Das Luxemburger Land, 232-234.
  2. 2,0 2,1 2,2 Muller, Geschichtliches über Olingen, 73.
  3. Léonardy, Orts- und Flurnamen meiner Heimath Olingen, 197-202.
  4. Musée, Carte archéologique, feuille 23 (Grevenmacher), 13 (ligne 11)
  5. Musée, Carte archéologique, feuille 18 (Betzdorf), 19 (ligne 79)
  6. Paul Modert, Vor- und Frühgeschichte Luxemburgs, 31
  7. 1040: Léonardy, „Orts- und Flurnamen meiner Heimath Olingen“, 195.
  8. 1096: Meyers, Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs, 130
  9. 1096: Jungandreas, Historisches Lexikon der Siedlungs- und Flurnamen des Mosellandes, 768
  10. 10,0 10,1 1140: Wampach, Urkunden- und Quellenbuch, Bd. I, 581, N° 411
  11. 1193: Jungandreas, Historisches Lexikon der Siedlungs- und Flurnamen des Mosellandes, 768-769
  12. 1193: Meyers, Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs, 130
  13. 13. Jh.: Meyers, Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs, 130
  14. 1284: Meyers, Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs, 130
  15. 15,0 15,1 1299: Wampach, Urkunden- und Quellenbuch, Bd. VI, 210, N° 745
  16. 16,0 16,1 1304: Wampach, Urkunden- und Quellenbuch, Bd. VII, 20, N° 992
  17. 17,0 17,1 1308: Wampach, Urkunden- und Quellenbuch, Bd. VII, 208, N° 1150
  18. 18,0 18,1 1356: Meyers, Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs, 130
  19. 19,0 19,1 1430: Léonardy, „Orts- und Flurnamen meiner Heimath Olingen“, 196.
  20. 1378: Jungandreas, Historisches Lexikon der Siedlungs- und Flurnamen des Mosellandes, 769
  21. 21,0 21,1 1473: Grob, Dénombrements des Feux, 18.
  22. 1541: Meyers, Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs, 130
  23. 23,0 23,1 1483 a 1556: Majerus, Die Luxemburger Gemeinden, Bd. IV, 590 a Bd. II, 62.
  24. 1495, 1501, 1525 a 1528: Grob, Dénombrements des Feux, 68, 127, 208, 253.
  25. 1537: Grob, Dénombrements des Feux, 461.
  26. 1541: Majerus, Die Luxemburger Gemeinden, Bd. IV, 444.
  27. 1656: Oster, "Die Besitzverhältnisse an unserer Mosel vor 300 Jahren", Lëtzebuerger Bauerekalenner 16, (1964), 156
  28. 1763: Majerus, Die Luxemburger Gemeinden, Bd. IV, 495, 500.
  29. Muller, Geschichtliches über Olingen, 71.
  30. 30,0 30,1 30,2 Léonardy, Orts- und Flurnamen meiner Heimath Olingen, 196.
  31. Meyers, Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs, 130
  32. Förstemann, Altdeutsches Namenbuch, Bd. 1, Personennamen, Sp. 55
  33. Jean Bertholet, Histoire du duché de Luxembourg et comté de Chiny, Bd. III, 317
  34. Camille Wampach, Geschichte der Grundherrschaft Echternach, Bd. I 2, 327
  35. Nicolas Majerus, Die Luxemburger Gemeinden, Bd. IV, 444.
  36. Nicolas Majerus, Die Luxemburger Gemeinden, Bd. II, 62
  37. Edouard Oster, „Die Besitzverhältnisse an unserer Mosel vor 300 Jahren“, Bauerekalenner 16 (1964), 156.
  38. Arthur Schon, Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien, 267
  39. Arthur Schon, Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien, 365
  40. Thielen et al, Dénombrement du Luxembourg 1766, 62-65 et 431-432
  41. Arthur Schon, Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien, V.35
  42. Grob, Dénombrement des feux
  43. Oster, „Die Besitzverhältnisse an unserer Mosel vor 300 Jahren“, Bauerekalenner 16 (1964),
  44. Thielen et al, Dénombrement du Luxembourg 1766
  45. Muller, Geschichliches über Olingen (Awunnerzuele vun 1766-1983)
  46. Emile Donckel, So ward die Pfarrei Olingen
  47. Wollefswee. [1] An der Beschreiwung vun dem Wee steet och dee falschen Datum 1892.