Ouren

Vu Wikipedia
Ouren
Bréck zu Ouren
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Burg-Reuland
Koordinaten 50° 08’ 25.08’’ N
      06° 08’ 02.03’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4790

Ouren ass eng Uertschaft an der Gemeng Burg-Reuland am Südoste vun der Provënz Léck op der däitscher a lëtzebuergescher Grenz a gehéiert zur däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Ouren zu der fréierer Gemeng Reuland gehéiert.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ouren läit am Dall vun der Our am Dräilännereck Belsch-Däitschland-Lëtzebuerg.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi wéineg Iwwerreschter vun der Buerg Ouren.
  • De Rittersprung e klenge Fielsvirspronk deen op d'Our weist a vun deem, der So no, e Ritter deen dem Buerghär vun Ouren d'Fra stibitzt hat, mat dem Päerd an d'Our gesprongen ass, fir senge Verfolger z'entkommen. Eng Schrëft FILIO DEI TEROGAMUS AUDI NOS déi an e Fiels gemeesselt ass, weist op d'Plaz hin, wou en ofgesprongen ass.
  • D'Nonnelay, ee Fiels mat vulkaneschen Originnen. Op dem Fiels steet eng Muttergottesstatu. Dem Volleksmond no soll do fréier en Nonneklouschter gestanen hunn. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert goufen do Mauerreschter fonnt, déi awer warscheinlech vun engem Bauerenhaff sinn.
  • Am Schiebachdall steet déi al Heinskyll-Millen an där haut nach Wëllkar gemuel gëtt, an e bësse weider erop steet d'Ruin vun enger Gierwerei mat Lou- a Seemillen aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert. Déi gouf 1945 zougemaach.
  • Kierch Ouren
  • Europamonument bei Ouren

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ouren – Biller, Videoen oder Audiodateien