Ousterbuer (Fiels)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ouschterbuer Fiels)

Ousterbuer ass eng Plaz bei der Fiels, wou d'Ousterbaach aus engem Fiels quëllt. Op der topographescher Kaart ass se ënner Ousterbour ze fannen.

Dës kleng Baach leeft fir d'éischt an e Weier, a schonn no e puer honnert Meter an d'Wäiss Iernz.

Spadséierweeër féieren duerch Sandsteefielsen a laanscht den Ousterbuerer Weier. D'Fielsser Jugendherberg huet do e Park ugeluecht, mat ënner anerem geschnëtzten Holzfiguren.