Ouschterkäerz

Vu Wikipedia

Eng Ouschterkäerz ass eng grouss Käerz a Kierchen, dacks méi wéi 1 m héich an ongeféier 10 cm Duerchmiesser.

Eng Ouschterkäerz.

Drop gemoolt sinn e Kräiz, d'Joreszuel an en Alpha an en Omega (dës symboliséieren de Christus als Ufank an Enn vun der Welt). All Joer kënnt eng nei, déi an der Ouschternuecht um Ouschterfeier ugefaangen an an déi däischter Kierch gedroen; et ginn nach 5 Neel dragestach déi d'Wonne vum Jesus duerstellen (2 Hänn, 2 Féiss, Säit). Do brennt se wärend de Feiere vun der Ouschterzäit bis Päischten a steet am Chouer. Duerno steet se an der Géigend vum Dafsteen, heiansdo op engem kënschtleresche Stänner. Wärend dem Rescht vum Kierchejoer gëtt se fir Doudemassen a bei den Dafen ugefaangen, un hir gëtt dann och d'Dafkäerz ugefaangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ouschterkäerzen – Biller, Videoen oder Audiodateien