Oyotunji

Vu Wikipedia

Oyotunji, och bekannt als Oyotunji village, African village oder Oyotunji kingdom (op Yoruba: Ọ̀yọ́túnjí), ass en Duerf am Oste vun den USA a South Carolina dat no afrikaneschem Modell gebaut ass a wou d'Awunner probéieren déi traditionell Liewensweis vun de Yoruba, am haitegen Nigeria, nozeliewen. Oyotunji ass nom ale Yoruba Kinnekräich Oyo benannt a bedeit "Oyo steet erëm op".

Lokalisatioun a Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Oyotunji läit nieft der klenger Uertschaft Sheldon, am Südweste vum amerikanesche Bundesstaat South Carolina. D'Zuel vun den Awunner variéiert stänneg. 1974 waren et der 24, 1977 schonn 100, a Mëtt de 1990er waren et der erëm ronn 30. Och wéinst de Festivaller, Divinatiounen an Initiatioune kommen a gi konstant Leit.

D'Duerf gouf vum Kinnek Oba Efuntola Oseijeman Adelabu Adefunmi gegrënnt. Hi gouf 1928 zu Detroit an enger afro-amerikanescher Baptistefamill als Walter Eugene King gebuer. Hien huet als Kënschtler an Dänzer geschafft an ass fréi zu afrikaneschen nationalistesche Beweegunge gestouss. Am Alter vu 26 Joer ass hien op Haiti gaangen an hat do säin éischte Kontakt mat Voodoo. Ee Joer méi spéit ass hien an Afrika gereest. Éier hien an den 1970er Joren Oyotunji gegrënnt huet gouf hien 1958 op Kuba als Santeríapriister an 1971 an Nigeria als babalawo (Yoruba Priister) initiéiert. Hien ass den 11. Februar 2005 gestuerwen. Säi Jong gouf zweete Kinnek vum Duerf.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerf huet eng strikt hierarchesch Organisatioun mam Kinnek (oba) un der Spëtzt. Nom Kinnek huet d'Ogboni-Gesellschaft, déi fir d'Legislatioun zoustänneg ass, am meeschten ze soen, duerno kënnt d'Igbimolosa (de Rot vun de Priister an d'Geriicht), d'Duerfcheffen an zum Schluss de Rescht vun der Bevëlkerung.

Den éischte Kinnek Adefunmi I. huet de System als "monarchesche Sozialismus" beschriwwen, well e sech, senger Meenung no, op d'Ogbonigesellschaft konzentréiert, an deem de Kinnek an alleguer d'Duerfcheffe vertruede sinn. Schlussendlech awer huet de Kinnek ëmmer dat lescht Wuert.

D'Ogbonigesellschaft ass souzesoen de regéirende Kierper. Och Frae sinn do vertrueden, och wa si donieft hir eege Gesellschaft hu fir sech ëm sougenannt "weiblech Problemer" ze këmmeren (z. B. d'Educatioun vun de Kanner). De Männer hir Gesellschaft heescht adinkonju.

Am Duerf gëlle bestëmmt Reegelen, déi all Awunner muss follegen: jidderee muss traditionell Yorubagezei unhunn, alleguer d'Männer musse sech beim dokpwe, der Kollektivaarbecht, bedeelegen, an all Awunner muss an Zäit vun dräi Méint Stammesmarkéierunge kréien, fir datt jiddwereen erkennt datt hien/si zur Duerfbevëlkerung gehéiert.

Am Alldag vum Duerf a bei Ritualer gëtt Yoruba wäitleefeg geschwat an all westlech Nimm ginn duerch Yorubanimm ersat.

Zu Oyotunji gëtt Polygamie praktizéiert, dat heescht, e Mann däerf méi wéi eng Fra hunn. Well Polygamie an den USA net legal ass, ginn déi Bestietnesser net um county court house (op der Gemeng) registréiert.

Opbau vum Duerf[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerf huet eng Fläch vu ronn 4 Hektar an ass wéi en traditionellt Yoruba Duerf opgebaut. Den Zougank féiert duerch e grousst Portal, mat engem Schëld mat der Opschrëft: "You are leaving the US. You are entering the Yoruba kingdom." (Dir verloosst d'USA. Dir kommt an d'Yoruba Kinnekräich).

Oyotunji ass a verschidde Beräicher agedeelt, mat dem kinnekleche Palais (afin) op der prominentester Plaz. Am Palais sinn dem Kinnek, de Kinniginnen an deene hire Kanner hir Privatraim, en Trounsall, en Audienzsall, Raim fir männlech Lakaien (ilari), e Schräin fir d'Gottheet Sango, dem Kinnek säi Büro, d'Schoul an d'Reuniounssäll vun der Ogboni an deenen anere Gesellschaften.

D'Architektur vun engem Haus weist op de Rang a Statut vun der Persoun hin, déi dra wunnt. De Palais ass dat schéinst Gebai, duerno sinn d'Haiser vun de Cheffen nach dekoréiert, an d'Haiser vun den normale Leit sinn einfach rechteckeg Gebaier mat engem oder zwéi Raim.

D'Struktur vun Oyotunji respektéiert déi traditionell oppe Plaz an der Mëtt vum Duerf, rondrëm déi d'Haiser an d'Kachplaze gebaut sinn. Aner wichteg Gebaier sinn déi verschidde Schräiner an Tempelen. Zousätzlech zu den Tempelen huet all Haus säin eegene klengen Altor fir d'Virfahren.

Ufanks war e grousse Problem, well d'Duerf an enger suppeger Géigend vu Leit gegrënnt gi war, déi virdrun an der Stad gewunnt haten. An den 1970er wollten d'Leit och nach op eng Aart a Weis liewe, déi si als pur afrikanesch empfonnt hunn (dat heescht: ganz einfach). No an no si bestëmmt modern Elementer awer akzeptéiert ginn (Elektrizitéit, fléissend Waasser, Heizung, Telefon, Televisioun, Internet, Auto…).

Aarbecht an Educatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Terrain vum Duerf gehéiert kollektiv der Ogbonigesellschaft, déi et u bestuete Männer oder net bestuete weiblech Familljecheffen no der Gréisst vun der Famill verdeelt. Et gëtt am Beräich vum Handwierk keng Geschlechtertrennung, mä Männer sinn zum Beispill fir d'Juegd an den Hausbau zoustänneg an d'Frae këmmere sech ëm d'Kanner.

D'Kanner ginn an d'Schoul, déi Yoruba Royal Academy heescht. D'Jongen an d'Meedercher gi getrennt vun Duerfawunner ënnerriicht. Fir Konflikter mam Staat z'evitéieren ass d'Schoul vum Bundesstaat certifiéiert an d'Schüler léieren Englesch, Mathematik, afrikanesch Geschicht a Kultur, d'Geschicht vun der amerikanescher Yoruba-Beweegung, Déierenzuucht a kréie Wëssen iwwer Kraider, Astrologie, Handwierk a reliéis Ritualer vermëttelt. D'Schoul, wéi och de Rescht vum Duerf, muss staatlech Hygiènesnorme respektéieren.

Finanziell Gestioun[änneren | Quelltext änneren]

An den 1970er hunn déi meescht Awunner vum Akerbau gelieft, mä an den 1980er gouf deen opginn well en net méi profitabel an et méi bëlleg war, Liewensmëttel direkt ze kafen. Haut kënnt de gréissten Deel vum Revenu vun Touristen déi fir eng Visite vum Duerf bezuelen a Saachen um Duerfmaart (Kraider, Wuerzelen, Holzschnëtzereien, Bijouen…) kafen, a vu Visiteuren, déi fir bestëmmt Servicer wéi Divinatiounen, Festivaller oder Initiatioun als Priister(in) bezuelen. Schonn an den 1980er louchen d'Präisser fir eng Divinatioun tëscht 40 a 600 US-Dollar, haut kënne se bis op e puer dausend Dollar goen.

All d'Awunner bezuelen dem Kinnek Steieren op hiert Land a si bezuelen d'Taxe vun der Gemeng, dem Bundestaat an dem Staat. D'Duerf selwer kritt keng Sue vum amerikanesche Staat, mä verschidden Awunner kréie "food stamps" (mat deene si sech Iesse kënne siche goen).

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Relioun vun den Awunner ass déi traditionell Yoruba Relioun, an där et een héije Gott gëtt (Olorun oder Olodumare genannt), deen d'Universum geschaf huet an iwwer allem Anere steet. Well hien awer wäit vum alldeegleche Liewen ewech ass, interagéieren d'Yoruba mat Orisha (gëttlechen Intermediairen) fir a Kontakt mat der iwwernatierlecher Welt ze kommen. An der traditionneller Yoruba Relioun gëtt et tëscht 400 an 1700 Orisha, an Oyotunji sinn der 14 unerkannt. All Orisha huet do säin eegenen Tempel.

D'Priister ginn als Wiechter vun der Yoruba Kultur ugesinn, déi all Ritual, Zeremonie an Ethikcode musse kennen (zum Beispill solle si net ze vill Sue fir eng Divinatioun froen an ëmmer hiert Bescht maachen). Fir Orakelen huele si ënner anerem Muschelen a Stécker vun der Kokosnossschuel.

D'Relioun drécken d'Awunner mat vill verschiddenen Trommel- an Danzfestivaller aus (zum Beispill an der egungun-Maskerad, an där d'Virfare reinkarnéiert ginn).

Well den éischte Kinnek op Kuba am Santeríakult an an Nigeria a verschidde reliéis Praktiken agefouert gouf, soe verschidden Auteuren, datt et sech bei der Relioun zu Oyotunji ëm e Synkretismus tëscht der Yoruba Relioun a verschiddenen anere reliéisen Expressiounsformen handelt. Sou wiere verschidde kulturell Elementer aus Euroamerika (Astrologie, Numerologie) a vu Kuba (Käerzen a Blummen, Altär, etc.) iwwerholl ginn, déi de Yorubakult am Duerf zu enger Form Neo-Yoruba-Kult maachen.

Dem Kinnek no hätte si awer alles, wat mat Chrëschtentum ze dinn huet eliminéiert, well dat d'Tendenz hätt, déi schwaarz afrikanesch Gottheete méi wäiss ze maachen.

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt kritiséiert, datt d'Kanner an engem isoléierte Mikrokosmos opwuessen, aus deem et schwéier ass erauszekommen. Och d'Authentizitéit vum Duerf ass ëmstridden, engersäits wéinst sengem staark kommerzielle Charakter an anerersäits well Awunner virun der Kamera schonn Zeremonie duerchgefouert hunn, déi zum Beispill am Santeríakult geheim solle sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Stephan Palmié (1995), "Against Syncretism: Africanizing and Cubanizing Discourses in North American Òrìsà-Worship", in: R. Fardon (Ed.), Counterworks: Managing Diverse Knowledge, Routledge, London, pp. 73–104
  • Carl M. Hunt (1979), "Oyotunji African Village: The Yoruba Movement in America", University Press of America, Washington, D.C.
  • Rod Davis (1999), "American Voudou: Journey into a Hidden World", University of North Texas, Denton, Part 3, pp. 177
  • Kamari Maxine Clarke (2004), "Mapping Yoruba Networks. Power and Agency in the Making of Transnational Communities", Duke University Press, Durham NC, pp. 384
  • Mikelle Smith Omari (1991), "Completing the Circle: Notes on African Art, Society, and Religion in Oyotunji, South Carolina", in African Arts, Vol. 24, No. 3, Special Issue: Memorial to Arnold Rubin, Part II (Jul.,1991), pp. 66–75+96
  • Harry G. Lefever (2000), "Leaving the United States: The Black Nationalist Themes of Orisha-Vodu", in Journal of Black Studies, Vol. 31, No. 2 (Nov., 2000), pp. 174–195