P&T Luxembourg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) P&TLuxembourg)
|
|
|
|---|---|
|
|
|
| Logo | ![]() |
| Rechtsform | Ëffentlecht Etablissement [1] |
| Tutelle | |
| Grënnung | 1842 Grënnung Post / 1992 Grënnung vum Etablissement Public P&T |
| Mataarbechter | 3.640 |
| President Verwaltungsrot | Serge Allegrezza |
| Generaldirekter | Claude Strasser[2] |
| Branchen | Postdéngtschter, Finanzdéngschter, Telekommunikatiounsdéngschter |
D'P&T Luxembourg gouf 1842 als Administratioun gegrënnt. Zënter 1992 ass d'P&T Luxembourg en Ëffentlecht Etablissement, vun deem de Lëtzebuerger Staat deen eenzegen Aktionär ass.
D'P&TLuxembourg këmmert sech ëm Postdéngschter, ëm Postsuendéngschter an ëm Telekommunikatioun. Donieft ass d'P&T den exklusiven Editeur vu Käppercher.
Mat 3.640 Mataarbechter ass P&TLuxembourg dee véiertgréisste Patron am Land.[3]
2008 huet P&TLuxembourg en Ëmsaz vun am ganze 556,84 Milliounen Euro realiséiert.[4]
Organisatioun [änneren]
D'P&T zu Lëtzebuerg ass an dräi Divisiounen agedeelt:
- "Division des Postes"
- "Division des Services Financiers Postaux"
- "Division des Télécommunications"
D'P&T huet 11 Filialen:[5]
- eBRC (93,4%)
- LUXGSM (85%)
- Michel Greco (60%)
- Infomail (55%)
- Editus (51%)
- Visual Online (51%)
- Netcore (51%)
- P&T Consulting (100%)
- TNT Express Luxembourg (50%)
- Victor Buck Services (49%)
- Eltrona Interdiffusion (34%)
Am Mäerz 2010 gouf bekannt, datt d'Telekommunikatiounsdivisioun vu P&TLuxembourg mat hirer Filial LUXGSM an eng eegestänneg Struktur ausgelagert solle ginn.[6]
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Gesetz vum 10. August 1992 iwwer Creatioun vun der Entreprise des postes et télécommunications
- ↑ "Assermentation du nouveau directeur général de l’Entreprise des postes et télécommunications, Claude Strasser (27.04.2012)." gouvernement.lu, 02.05.2012.
- ↑ STATEC: Liste des principaux employeurs par branche
- ↑ "Das Unternehmen: Lernen Sie uns kennen!" Consultéiert den 2. Mäerz 2010.
- ↑ Filialen erausgesicht den 2. Juni 2008.
- ↑ "Lux GSM: Startschuss für neue Telefongesellschaft" tageblatt.lu 10/03/2010 15:19.
