Pál Schmitt

Vu Wikipedia
Pál Schmitt
Gebuer 13. Mee 1942
Budapest
Nationalitéit Ungarn
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Fechter, Ekonomist
Member vun Internationalen Olympesche Kommitee

De Pál Schmitt, gebuer den 13. Mee 1942 zu Budapest, ass en ungaresche Fechter, Diplomat a Politiker (Fidesz).

Als Fechter hat hien un den Olympesche Spiller vun 1968, 1972 an 1976 deelgeholl. 1968 an 1972 huet hie bei den Olympesche Spiller an der Ekipp d'Goldmedail gewonnen.[1]

1970 an 1971 war hie Weltmeeschter am Fechten.

1993-1997 war de Schmitt Ambassadeur vun Ungarn zu Madrid an 1998-2002 zu Bern.

2002 huet e fir de Poste vum Buergermeeschter vu Budapest kandidéiert a gouf Zweeten.

2003 gouf e Member vun der Partei Fidesz-MPSZ (Fidesz-Magyar Polgári Szövetség) a gouf hire Vizepresident. E gouf 2004 als Deputéierten an d'Europaparlament gewielt an 2009 erëmgewielt. En huet 2010 op dat Mandat verzicht, wéi en als Deputéierten an d'nationaalt Parlament, an dunn, am Mee, zum President vum ongresche Parlament gewielt gouf.

Den 29. Juni 2010 gouf en zum Staatspresident vun Ungarn gewielt an huet säin Amt de 5. August ugetrueden.

Den 2. Abrëll 2012 ass hien als President zeréckgetrueden, nodeem bekannt gi war, datt hie bei senger Dokteraarbecht en ettlech Quellen net uginn hat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pál Schmitt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Pál Schmit op sports-reference.com