Päerdskappniwwel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
|
|---|---|
|
De Päerdskappniwwel, Foto vum HST
|
|
| Objettyp | Donkelniwwel |
| Stärebild | Orion |
| Positioun (Equinoxe J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 5h 41m 00,00s |
| Deklinatioun | -02° 27′ 30" |
| Ausgesinn | |
| Visuell Magnitude | +11,00 mag |
| Schäinbaren Duerchmiesser | 90,0' × 30,0' |
| Physikalesch Daten | |
| Gehéiert zum | Orion-Komplex (Mëllechstrooss) |
| Distanz | ca. 1500 Liichtjoren |
| Absolut Hellegkeet | |
| Absoluten Duerchmiesser | ca. 3 Liichtjoren (?) |
| Radial Vitesse | |
| Katalogbezeechnungen | |
| Barnard 33, IC 434 (virdrun een Emissiounsniwwel | |
De Päerdskappniwwel oder Barnard 33 ass eng Donkelwollek am Stärebild Orion ass ee vun deene bekanntesten astronomeschen Objeten.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Entdeckung
De Päerdskappniwwel gouf vum US-amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard Ufanks vum 20. Joerhonnert fir d'éischt katalogiséiert. No sengem Androen an de Barnard-Katalog vun den Donkelwolleken ass zënterhir säi wëssenschaftlechen Numm Barnard 33, ofgekierzt B 33.
[änneren] Astronomesch Bedeitung
Et handelt sech dobäi ëm eng Usammlung vu kalem Gas a Stëbs, a Form vun engem Päerdskapp. Si läit direkt virun dem Emissiounsniwwel (IC 434), dee roudelzeg liicht, soudatt si sech vum hellen Hannergrond ofhieft. D’Gasmasse sinn a Bewegung, wouduerch de Niwwel an e puer dausend Joer net méi engem Päerdskapp gläicht.
De Päerdskappniwwel ass ongeféier 1.500 Liichtjoer vun eis ewech. Seng gréisst Ausdeenung bedréit ronn 3 Liichtjoer.
Wéinst senger riseger Gréisst an der gerénger Hellegkeet ass eng visuell Observatioun och mat groussen Teleskopen zimlech schwiereg. Een H-β-Filter kann awer hellefräich sinn.
Bei enger Ëmfro vun der NASA, watfireent Objet d’Hubble-Weltraumteleskop fotograféiere soll, war de Päerdskappniwwel de kloere Gewënner.