Père Blanc

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Père Blanc ass e Liqueur, deen zanter 1885 zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt.

De Père Blanc gëtt zesummegestallt aus engem Basisliqueur, dee mat Kraider a Gewierzer gemëscht gëtt. En huet en Alkoholgehalt vu 40 % an ass och d'Basisprodukt fir den Elixir de Mondorf an d'Liqueur d'Echternach, déi doraus entwéckelt goufen.[1]

D'Mark Liqueur des pères blancs gouf den 1. Dezember 1892 vum Charles Schmitt-Krombach, engem Industriellen zu Ettelbréck, déposéiert.[2]

Hautdesdaags gëtt de Père Blanc vun der Brennerei Pitz-Schweitzer vun Housen produzéiert, déi och d'Patent huet fir eng aner lëtzebuergesch Spezialitéit, de Maagbitter Buff, hierzestellen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Perséinlech Info vum Jacques Pitz
  2. Déposéiert ënner der Nummer 330 am Recueil officiel des maraues de fabrique et de commerce, Annexe du Mémorial, vum 31. Dezember 1892 Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2010-01-05.