Pécs
Pécs [ˈpeːʧ] ass eng Stad an Ungarn, no bei der Grenz mat Kroatien, um Fouss vun de Mecsek-Bierger. Si huet 157.000 Awunner (Stand 2009) an ass Chef-lieu vum Komitat Baranya. Pécs ass Sëtz vum Bistum Pécs a vun der Universitéit Pécs.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Pécs ass eng vun den eelste Stied an Ungarn a war schonns a virgeschichtlecher Zäit besidelt. Zënter dem 3. Joerhonnert, ënnert de Réimer, war Pécs als Sopianae eng wichteg Stad an der Provënz Pannonien. Méi spéit gouf et (lat.) Quinque Ecclesiae ("Fënnef Kierchen") genannt, wouvunner sech de spéideren däitschen Numm Fünfkirchen ofleede léisst. Den haitegen Numm gouf eng éischte Kéier 1235 an enger Charta als Pechut (‘Pécser Wee’) ernimmt. 1290 gouf d'Stad Peech genannt. Et ginn e puer Theorien, wat dat kinnt heeschen, mä keng sécher Erklärung.
1367 huet de Kinnek Lajos de Groussen zu Pécs déi éischt ungaresch Universitéit gegrënnt.Vu 1543 bis 1686 huet Pécs zm Osmanesche Räich gehéiert. Aus där Zäit sinn eng ganz Rëtsch Gebaier erhalen.
Kuckeswäertes [änneren]
- d'Kathedral (11. Jh.), ëmgebaut am 19. Jh.
- de Bëschofspalais
- de Barbakán (Festungsturm)
- den Nationaltheater (Nemzeti Színház) (1895)
- d'Moschee Gazi Khassim, zu enger chrëschtlecher Kierch ëmgebaut
- de Zsolnay-Bur op der Széchenyi-tér, am Jugendstil, mat der typescher Eosin-Glasur
- d'Moschee vum Pascha Jakowali Hassan, mat hirem 23 Meter héije Minarett.
- d'Grafkapell vum Baba Idris
- D'Bad vum Pascha Memi (Törökfürdő; tierkescht Bad)
- Fréichrëschtleche Kierfecht aus spéitréimescher Zäit mat ausgemollte Grafkummeren (Unesco-Weltierfschaft)
- asw.
- Pécs
Soss [änneren]
Pécs ass 2010 (mat Essen) Europäesch Kulturhaaptstad.
| Commons: Pécs – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Um Spaweck [änneren]
- d'Websäit vun der Stad Pécs op däitsch
- Pécs – Kulturhaaptstad vun Europa 2010 (ongresch, englesch)