Péiter Ernest I. vu Mansfeld

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Péiter Ernest I. vu Mansfeld-Vorderort, gebuer den 12. August 1517 am Schlass Heldrungen bannent der Festung mam selwechten Numm a Sachsen (Mansfelder Land), a gestuerwen den 23. Mee 1604 a Clausen, war Feldmarschall an der spuenescher Arméi a Gouverneur vun der spuenescher Kroun an den Nidderlanden, zu Bréissel an zu Lëtzebuerg.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen

De Péiter Ernest I. vu Mansfeld op enger Gravure aus dem 17. Joerhonnert
Plack zur Erënnerung un de P. E. vu Mansfeld op der Nordfassad vum groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg.[1]

De Mansfeld war dat 13. Kand vum Ernest II. vu Mansfeld-Vorderort an deem senger zweeter Fra Dorothea Gräfin vu Solms. Hie koum mat 14 Joer un den éisträichesche Kinnekshaff, deen e 4 Joer drop verlooss huet, fir mam Keeser Karel V. un der Befreiung vun Tunis deelzehuelen. Och dono ass en an der Arméi bliwwen, an en huet do séier Carrière gemaach. Hie gouf Gouverneur vun der spuenescher Kroun zu Lëtzebuerg (1545-1604), an den Nidderlanden (1590-1594) an zu Bréissel (1566).

Am Krich géint Frankräich gouf en 1552 als Feldherr vun Kinnek Philippe II. gefaange geholl a gouf eréischt fënnef Joer méi spéit, géint en héicht Léisegeld, entlooss.

Schonns 1545 hat de Philippe II. hien zum Ritter vum Gëllene Vlis geschloen, a 1572 gouf en zum Feldmarschall vun de spueneschen Arméien an den Nidderlanden ernannt.

1572 huet hien an der Stad Lëtzebuerg en neit Stadhaus, als Sëtz vum Gouverneur, baue gelooss, wat haut de Groussherzogleche Palais ass.

De 4. Mäerz 1594 huet de Keeser Rudolf II. en zum Reichsfürst vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun ernannt. De Mansfeld huet sech 1597, mat 80 Joer vun allen ëffentlechen Ämter zeréckgezunn, an ass den 23. Mee 1604 a Clausen gestuerwen.

De Péiter Ernest vu Mansfeld huet sech och als Konschtsammler en Numm gemaach. D'antik Konschtgéigestänn an Tableauën, déi en an sengem Clausener Schlass La Fontaine zesummegedroen hat, huet en testamentaresch dem Philippe III. vu Spuenien vermaach. De Palais, vun deem haut bis op eng Entréespaart näischt méi erhalen ass, huet d'spuenesch Prinzessin Isabella geierft. Seng eege Kanner awer hunn näischt kritt.

[änneren] Famill

De Mansfeld war op d'mannst dräimol bestuet. Seng éischt Fra war d'Margaretha vu Brederode († 1556). No hirem Doud huet hie sech 1562 mat der Marie vu Montmorency bestuet, déi 1570 gestuerwen ass. En drëtt Bestietnes mat der Claire vu Châlon koum no. D'Historiker si sech net eens iwwert eng véiert Bezéiung, vläicht mat der Anna vun Eyken oder der Anna vu Bentzrath. Sécher ass just, datt dorausser de Péiter Ernest II. vu Mansfeld ervirgaang ass, de spéider am Drëssegjärege Krich engagéiert war.

De Mansfeld hat eng gutt Dose Kanner, iwwert déi et hautdesdaags bal oder guer keng Erkenntnesser gëtt:

  • Friedrich II.
  • Carl II. (Grënnungsmember vun der protestantescher Geusenunioun)
  • Polyxena
  • Dorothea
  • Péiter Ernest II. vu Mansfeld
  • Philipp Octavian
  • Philipp (net sécher)
  • Antonius
  • Ernst (d. J.)
  • Carl (d. J.) (net als e Kand aus engem Bestietnes unerkannt)
  • Anna
  • Philipp (net aus engem Bestietnes, mee unerkannt)
  • Renaud
  • Christina.

[änneren] Literatur

  • Haag, Emile: Pierre-Ernest de Mansfeld *1517 1604, gouverneur de Luxembourg In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 166-179); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
  • Seidel, Renate: Die Grafen von Mansfeld. Geschichte und Geschichten eines deutschen Adelsgeschlechts. 1. Opl., Fouqué Literaturverlag, Engelsbach 1998, ISBN 3-8267-4230-3
  • Thill, Norbert: Auf der Suche nach Mansfeld-Spuren : ein Wappen als Wegweiser - In: Lëtzebuerger Journal : Politik, Finanzen a Gesellschaft. - Luxembourg. - Jg. 59(2006), Nr. 31(14. Februar), Säiten 22-23, ill.
  • Jankowski, Günter. - Mansfeld: Gebiet - Geschlecht - Geschichte : zur Familiengeschichte der Grafen von Mansfeld / Günter Jankowski. - Luxemburg : Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, 2005 (Luxembourg : Impr. Centrale). - 464 p. : ill. ; 23 cm

Bibliogr. Index ISBN 3-89890-079-7

  • Scholer, Othon: Palatium Mansfeldicum - D'Mansfeldschlass , Deel 1, Collection "Les Amis de l'Histoire", Volume 19, Lëtzebuerg, 2006, ISBN 2-919884-19-0
  • Gustav Janssens: Le Comte Pierre Ernest de Mansfeld, loyal serviteur de Charles V. et de Philippe II. et la guerre aux Pays-Bas. In: Hémecht - Zeitschrift für luxemburger Geschichte. 4, 2004, ISSN 0018-0270.
  • J.A. Massard: Damvillers, Mansfeld und Sohn: Ambroise Paré, der Vater der Chirurgie, und Luxemburg. In: Lëtzebuerger Journal 2007, Nr. 74 (17. April), S. 11-12.
  • Musée national d’histoire et d’art: Pierre Ernest de Mansfeld (1517-1604). Un prince de la Renaissance. 1. Auflage. Luxemburg 2007, ISBN 978-2-87985-960-6.
  • Andreas Tacke, Markus Trunk: Un prince da la Renaissance: Pierre-Ernest de Mansfeld (1517-1604). In: Kunstchronik, 61. Jg., Heft 7, S. 339 ff.
  • Auswahlbibliografie zu Peter Ernst I. von Mansfeld

[änneren] Referenzen an Notten

  1. Fir d'Iwwersetzung kuckt hei: [1]

[änneren] Um Spaweck

Commons: Péiter Ernest I. vu Mansfeld – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen