Péiter Onrou

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 37’ 10.26’’ N 6° 7’ 48.12’’ E
De Péiter Onrou hanner Trueljen

Péiter Onrou, och Krispines genannt, ass eng liewensgrouss Christusstatu, déi an enger Grott am Eecherbierg, an der Stad läit.

Den Numm Krispines geet op den Hellege Crispinus zeréck, de Schutzpatroun vun de Gierwer a Schouster, vun deenen der eng etlech um Lampertsbierg gewunnt hunn.

Mam Krispines ass eng Traditioun an en Awerglawe verbonnen: Den Numm Péiter Onrou kënnt dohir, datt en Onrou bei deene Männer sollt ervirruffen, déi hirer Fra oder Frëndin ontrei gi sinn. Dofir goufen (a ginn?) alt ëmmer nees Käerze beim "Péiter" opgestallt, an déi Spéngele gepickt goufen. Beim Ofbrenne vun der Käerz ass d'Spéngel gliddeg ginn an ofgesprongen. Deen Ontreie sollt an deem Ament, sou wëll et den Awerglaf, och e Stéch spiren an "onroueg" ginn. Duerch déi Käerzen ass d'Statu dann och plazeweis ugebrannt.

D'Plaz huet nach aner Nimm: Beim groussen Härgott, Peter Onrou, Krispinusfils, fréier och Petit Marly.
Den Numm Groussen Härgott bezitt sech net op d'Christusstatu, déi läit, mee op d'Kräiz, dat uewendru steet.

[änneren] Literatur zum Thema

  • Hess. Joseph: Nadelzauber in: Altluxemburger Denkwürdigkeiten. Beiträge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde. Lëtzebuerg, 1960 S. 131-133.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht