Péitruss
D'Péitruss ass eng Baach an de Gemenge Stad Lëtzebuerg, Bartreng an Dippech. Si huet hir Quell am Dippecherbësch op enger Héicht vun 345 Meter a leeft vu do un no Osten fir am Gronn op enger Héicht vun 245 m an d'Uelzecht ze lafen.
Den Numm kënnt vum laténgesche Wuert petresa, wat op déi vill Steng hiweist, déi viraals am Laf vun der Péitruss ze fanne waren. 1933 gouf d'Péitruss awer an e Betongskulang geluecht.
Op hirem Wee duerch d'Stad leeft si duerch dat no hir genannte Péitruss-Dall, dat d'Uewerstad vum Garer Quartier trennt. Iwwerspaant gëtt dësen Dall vun zwou Brécken, der Aler Bréck an der Neier Bréck.
Niewent dem Flossbett sinn nach Reschter vun der sougenannter Bourbons-Schleis ze gesinn, déi 1728 gebaut gouf, fir den Dall iwwerschwemmen ze kënnen, am Fall wou d'Stad ugegraff géif.
Vun Hollerech u fléisst d'Péitruss an engem kënschtleche Bett, dat esou gebaut ass datt bei Nidderegwaasser just e Kullang mat Waasser gefëllt ass a bei Héichwaasser dat ganzt Bett. Beim Ofhuele vum Waasserspigel bleiwe keng Sedimenter leien, mee alles fléisst zeréck an de Mëttelkullang a gëtt mat weidergeholl.
D'Péitruss ass 12.7 km laang an hir Nieweflëss sinn d′Grouf, d′Aalbaach an d′Zéissengerbaach.
Bei der Administration de la gestion de l'eau huet se de Code N° 555.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Fotoen
-
D'Péitruss zu Bartreng
Vun der Natur an de Bëtong -
Den Dall vun der Péitruss mat der Neier Bréck
-
... a mat der Aler Bréck
-
D'Péitruss bäi der Bréck vun der Tilleschgaass
-
D'Péitruss am Stadgronn,
wou se an d'Uelzecht leeft
(hannen am Bild)
| Commons: Péitruss – Biller, Videoen oder Audiodateien |