Pësperkëscht

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng Pësperkëscht op enger Naturbühn

Eng Pësperkëscht ass eng am Theater vir ënnert d'Bühn an de Buedem eragebaute kleng Këscht, déi knapps eng 25 cm erauskuckt, a wou traditionell de Souffleur drasëtzt, deen den Akteure vun do aus hiren Text zoupëspert, wa se en Hänkert hunn.

Hautdesdaags gëtt et a villen Theatere keng Pësperkëscht méi, well de Souffleur entweder op der Säitebühn oder tëscht de Spectateure sëtzt a vun do aus pëspert, oder ganz enzwousch anescht sëtzt a mat Funk den Akteuren direkt iwwer en Emfänger an d'Ouer schwätzt.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen