Portable Document Format

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) PDF)

De Portable Document Format (PDF; lb: portabelt Dokumenteformat) ass e plattformiwwergräifend Dateiformat fir d'Duerstellung vun zweedimensionalen Dokumenter, déi onofhängeg vu Software, Hardware oder Betribssystem kënnen op engem Ecran gekuckt oder op enger Imprimante ausgedréckt ginn an dobäi ëmmer d'selwecht ausgesinn. D'Extensioun vum Dateinumm ass .pdf.

PDF-Dokumenter ginn entweeder duerch speziell Programmer gelies (z. B. Adobe Reader) oder duerch Plugins an engem Programm duergestallt (z. B. an den Internet-Browseren).

Dëst Format gouf vun der Firma Adobe Systems Incorporated entwéckelt an 1993 mat dem Programm Acrobat 1 fir d'éischt publizéiert.

PDF war e kommerziellt ("proprietäert"), mais oppen dokumentéiert Dateiformat (PDF Reference Manual). Zanter dem 1. Juli 2008 ass de PDF an der Versioun 1.7 als ISO 32000-1:2008 en oppene Standard.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Follgend Beispiller goufe mat dem Onlinetool wikitype gemaach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

PDF-Konverter[änneren | Quelltext änneren]

  • wikitype - Konvertéiert Wikipedia-Artikelen → PDF (en)
  • WebPDF - Konvertéiert 100 Formater → PDF
  • PDF Online - Konvertéiert PDF → Word