PH1

Vu Wikipedia

De PH1 och alt PH1 b (PH steet fir Planet Hunters) oder no der NASA-Bezeechnung Kepler-64b genannt, ass en Exoplanéit, deen am Oktober 2012 vun zwéin Amateurastronomen, dem Kian Jek an dem Robert Gagliano am Kader vum Projet Planet Hunters fonnt gouf,[1]. Hir Observatioun gouf vu Fuerscher aus den USA a Groussbritannien, déi op Hawaii schaffen, konfirméiert. Et handelt sech ëm ee Gasris, deen am Véierfach-Stäresystem Kepler-64 ëm zwéi Stäre mat der Bezeechnung KIC 4862625(AB) kreest. De Planéit ass ongeféier sou grouss wéi den Neptun.

En huet e Radius, dee 6,2-mol méi grouss ass wéi dee vun eiser Äerd. Fir eng Ëmkreesung vu senge béide Sonne brauch de PH1 138 Deeg.[2] Den neie Planéit ass ronn 5000 Liichtjoer vun der Äerd ewech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Werner Pluta: Weltraumteleskop: Kepler entdeckt System mit einem Planeten und vier Sternen. In: golem.de vum 16. Oktober 2012, ofgeruff de 17. Oktober 2012
  2. Konferenz American Astronomical Society am 15. Oktober 2012