PH1 (Exoplanéit)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De PH1 (PH = Planet Hunter) oder och duerch seng offiziell NASA-Bezeechnung Kepler-64b genannt, ass en Exoplanéit, deen am Oktober 2012 vun zwéin Amateurastronomen, dem Kian Jek an dem Robert Gagliano am Kader vum Projet Planet Hunters fonnt gouf. Et handelt sech ëm ee Gasris, deen am Véierfach-Stäresystem Kepler-64 ëm zwéi Stäre kreest. Méi wäit ewech ginn déi zwéi Stären an de Planéit vun zwéi weidere Stären ëmkreest. De Planéit ass ongeféier sou grouss wéi de Neptun.

De Planéit huet e Radius, dee 6,2-mol sou grouss ass wéi dee vun eiser Äerd. Fir eng Ëmronnung vu senge béide Sonne brauch de PH1 138 Deeg. E gëtt vun zwéi weidere Stären ëmkreest.[1] Den neie Planéit ass ronn 5000 Liichtjoer vun der Äerd ewech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Konferenz American Astronomical Society am 15. Oktober 2012