PI-Men

Vu Wikipedia
Zeeche vun der Formatioun

D'PI-Men, d'"Formation des Patriotes indépendants luxembourgeois", déi sech och nach "F-16,9" genannt hunn,[1] war eng vun de bekanntste lëtzebuergesche Resistenzlergruppen.

Si gouf am Hierscht 1940 zu Déifferdeng vum Josy Goerres gegrënnt a war besonnesch aktiv am Süde vum Lëtzebuerger Land. Déi Grupp war spéider och Member an der Unio'n. Zum Kär vun der Oganisatioun hunn nieft dem Josy Goerres, de François Gräve a seng Fra Gréidy Krieps, den Eddy Fritsch, de Marcel Jung, de Jos Sossong, an den Albert Ungeheuer, all vun Déiferdeng gehéiert. Hir Haaptaktivitéite waren den Opbau vu Fluchtweeër fir politesch Flüchtlingen, Refractairen an entkomme Krichsgefaangen, déi weider no Frankräich gehollef kruten, an d'Verdeele vu patriotesche Fluchziedelen.

Déi Organisatioun war op véier verschiddene Gebidder aktiv:

  1. Opbau vun engem Service de Renseignement, dee militäresch a politesch Informatiounen gesammelt huet an iwwer seng Agenten op London weidergeleet huet.
  2. Opbau vun enger reegelrechter "Evasiounsfilière" wou franséisch Kriegsgefangen, Lëtzebuerger Refractairen an Deserteuren an alliéiert Pilote falsch Pabeiere kruten an da mat Hëllef vu Passeuren iwwer d'Grenz a Frankräich bruecht gi sinn. Zu Les-Ancizes, an der Géigend vu Clermont-Ferrand hat den Albert Ungeheuer e Centre d'accueil agericht wou déi Evadéiert da konnten ënnerdaach kommen an och Aarbecht vermëttelt kruten. (ëm déi 600 Flüchtlingen, 6 alliéiert Piloten, an en ettlech fortgelafe franséisch Krichgefaange konnte sou mat Hëllef vu Pi-Men bis Abrëll 1944 den däitsche Besatzer entkommen).
  3. Materiell a finanziell Hëllef fir d'Famillje vun Deportéierten an/oder Refractairen.
  4. Propaganda-, Sabotage- a Boycottaktioune géint déi däitsch Besatzung (Publikatioun an Ausdeelen vun Trakter, speziell Aktioune fir Nationalfeierdag, Opruff fir den 20. Abrëll (Gebuertsdag vum Hitler) net op Strooss ze goen. En Drobréif un den däitschen Zirkus Busch hat zur Folleg, dat dee seng Zelter zu Lëtzebuerg ganz séier ofgebrach huet;)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Dollar, Jacques: Josy Goerres et les PI-MEN dans la Résistance, Lëtzebuerg, 1986

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 16=P, 9=I fir de 16. respektiv den 9. Buschtaf am Alphabet; Quell: Was bedeuted "PI-Men"?, Déifferdang Magazin, N°01, 2006, S. 12/13