PSR B1919+21

Vu Wikipedia
Diagramm, op deem d'Jocelyn Bell Burnell éischt Beweiser fir e Pulsar erkannt huet. Den Diagramm ass an der Bibliothéik vun der Cambridge University ausgestallt.

De PSR B1919+21 ass den éischten entdeckte Pulsar. Hien huet eng Ëmlafzäit vun 1,337 s. Seng Positioun ass am Stärebild Vulpecula (Fuuss) bei Rektaszensioun 19h19m16s an Deklinatioun +21°47'. De Pulsar ass 2000 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De PSR B1919+21 straalt Radiowellen am Frequenzberäich vu 85 MHz bis 2,7 GHz of. Seng Periodendauer ass 1.337301192269 Sekonnen an hëlt ëm 1.34809*10−15s pro Sekonn zou. D'Pulslängt ass 0,04 s.[1]

Entdeckungsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

De PSR B1919+21 gouf 1967 vun der Jocelyn Bell entdeckt. Mat hirem Papp Antony Hewish ënnersicht si Szintillatiounen (visuell Ännerung vun der Stralungsintensitéit) vu Radiosignaler, fir Quasare opzespieren. Well Quasare kompakt Radioquelle sinn, ass d'Szintillatioun bei hinne méi staark profiléiert wéi bei ausgedeenten Objeten. Den Hewish hat zu dësem Zweck e Radioteleskop op der Universitéit vu Cambridge entworf a gebaut. Dësen Teleskop – hie gouf am Juli 1967 a Betrib geholl – huet all Dag ronn 30 Meter Dateblieder produzéiert, déi vum Bell manuell ausgewäert goufen. Schonn am Summer 1967 entdeckt si an den opgezeechente Radiosignaler ontypesch Schwankungen, déi den Hewish ufanks als Stéierunge vun Autoe gehalen huet.

Reegelméissegkeet vun den Impulsen an déi kuerz Periodendauer vun eppes méi wéi enger Sekonn hunn uganks op eng net-natierlech Ursaach higedeit. Well den Hewish a d'Bell ausgerechent hunn, datt d'Quell net am Sonnesystem mä nach an der Mëllechstrooss ass, hu si gemengt d'Signaler wiere kënschtlech, an hu souguer gemengt et kënnt eng ausserierdesch Intelligenz sinn. Si haten dofir d'Signalquell gedeeft op den Numm „LGM-1“ („Little Green Man 1“, eng inoffiziell Bezeechnung, déi fir déi éischt Pulsaren nach gebraucht goufen), offiziell krute si d'Bezeechnung CP 1919, wat Cambridge Pulsar mat α=19h19m bedeit.

Wieren d'Signaler tatsächlech vun Ausserierdesche gesent ginn, hätte si wéinst dem Doppler-Effekt eng spektral Verrécklung opweise missen, well de Planéit vun den Ausserierdesche sech wéi eis Äerd ëm e Stär hätt misste beweegen. Et konnt awer keen Doppler-Effekt nogewise ginn. Bei der Publikatioun vun de Resultater am Februar 1968, war nach ëmmer net kloer, mat wat fir engem Objet een hei ze dinn hat. Zum Schlucht hunn d'Astronome Franco Pacini an Thomas Gold theoreetesch nogewisen, datt et sech beim Pulsar ëm een Neutronestär handelt - een eréischt zanter 1934 hypothetesch bekannten Objet.

Nobelpräis[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Entdeckung vum Pulsar krut den Antony Hewish 1974 den Nobelpräis fir Physik. D'Jocelyn Bell krut näischt - eng Entscheedung, déi deemools ëmstridde war.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ralf Berhorst: Der Pulsschlag des Neutronensterns in: GEO kompakt Nr. 6 - Das Universum, S. 101f., Verlag Gruner & Jahr, 2006
  • A. Hewish, S. J. Bell, J. D. H. Pilkington, P. F. Scott, and R. A. Collins. Observation of a rapidly pulsating radio source. in: Nature 217:709-713, 1968
  • Moffet, A.T., and Ekers, R.D., Detection of the pulsed radio source CP1919 at 13 cm wavelength, in: Nature, 218, S. 227, (1968)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Timothy Rankins, Joanna Rankin: Arecibo Multi-Frequency Time-Aligned Pulsar Average Profile and Polarization Database, P. 3