Packo Gualandris

Vu Wikipedia

De Packo Gualandris, gebuer den 23. Mee 1980 zu Péiteng, ass e lëtzebuergeschen DJ (Disk Jockey) a Produzent am Beräich vun der elektronescher Musek.

Hien ass zu Uewerkuer opgewuess an huet scho vu Kands u Musek gespillt (elektresch Uergel, Keyboard, Gittar a Batterie). Zanter sengem 15. Liewensjoer produzéiert hie seng eege Lidder am Beräich vun der elektronescher Musek: Techno, Trance, Tech-House, Acid, Elektro, Chill-Out an nach anerer.

Zanter 2002 huet hien och Optrëtter als DJ.

Discographie:

Am Dezember 2006 huet de Packo Gualandris seng éischt Plack (Vinyl) verëffentlecht. Et ass e Remix vum italieenesche Produzent Joe Montana sengem Track Five Stars.

Dezember 2007: ND Catani - Rock The Disco (Packo Gualandris Remix)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]