Pagan Lorn

Vu Wikipedia

Pagan Lorn war eng bekannt Metal-Band zu Lëtzebuerg an de Joren 1994 - 1998.

Pagan Lorn gouf Mëtt 1994 gegrënnt. 1995 goufen dunn zwéi Membere vun der Grupp duerch de Stephen Misquita an de Jos Kirps ersat. Pagan Lorn huet dunn aus dem Sascha Georges ("Gesang"), dem Patrick Hurt (Keyboards), dem Jos Kirps (Gittar), dem Vladeta "Vlatsch" Maksimovic (Bass), dem Stephen Misquita (Batterie) an dem Patrick Linnig (Promotion) bestanen. Eng éischt Demo-Kassett gouf Enn 1995 an der "Pit's Bar" am Éislek opgeholl. 1996 hunn Pagan Lorn dunn hir éischt CD "Black Wedding" opgeholl an erausginn; eng zweet CD ("Nihilennium") gouf schonn 1997 opgeholl a koum am Februar 1998 op de Maart. 1998 koum och en zweete Gittarist dobäi, de Steve Legil.

Mä an der zweeter Hallschent vum Joer, nodeem ëmmer méi musikalesch Differenzen opkoumen, huet Pagan Lorn ugefaange sech opzeléisen. De Jos Kirps huet d'Grupp am Oktober verlooss, de Patrick Linnig an de Vlatsch si kuerz drop och gaangen. De Jos Kirps gouf duerch den Alain Gonniva ersat, de Vlatsch huet Ufank 1999 erëm an d'Grupp zeréckfonnt. Mä Pagan Lorn huet sech net méi erkritt, am September 1999 huet och de Patrick Hurt d'Grupp verlooss an am Januar 2000 huet Pagan Lorn du ganz opgehalen, kuerz ier d'Band sollt an de Studio goe fir eng drëtt CD opzehuelen.

De Sascha Georges ass haut op RTL Lëtzebuerg als Moderator ze gesinn, wou hien d'Noriichten am Journal presentéiert. De Jos Kirps huet 2002 eng Software-Firma gegrënnt a schreift och Open Source Software, wärend de Stephen Misquita anscheinend nach ëmmer a Frankräich als Batteur ënnerwee ass.

Zanter 2003 bedreift de Jos Kirps d'Websäit paganlorn.com op där een all Lidder vun der Demo-Kassett an den CDen am MP3-Format erofluede kann.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • CD "Black Wedding" (1996):
  1. Absent Minded
  2. Unleash
  3. Treatment
  4. The Eternal
  5. Confidence In The Executioner
  6. Production
  7. Epitome
  • CD "NIHILENNIUM" (1998):
  1. Outrage
  2. Silence For A Day
  3. Prone
  4. Freezing Lust
  5. Collapsed
  6. You Vs You
  7. Impose
  8. Gone...
  9. ... And Forgotten

verstoppt: Unborn

  • Compilatioun "RTL Planet Lëtzebuerg" (2000):
  1. An Amerika (Cover vum Dicks)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]