Pajottenland

Vu Wikipedia
D'Pajottenland, rout

D'Pajottenland ass eng natierlech Géigend vun der Belsch, an der Provënz Flämesche Brabant am Südweste vu Bréissel. Se läit tëscht de Flëss Senne an Dendre.

Et ass eng liicht hiwweleg, landwirtschaftlech Géigend, déi ganz fruchtbar ass. Dës Stied grenzen d'Pajottenland of: Anderlecht, Aalst (fr:Alost), Enghien (nl:Edingen), Geraardsbergen (fr:Grammont), Halle (fr:Hal) an Ninove.

D'Pajottenland ass och d'Géigend, an där de Lambic gebraut gëtt, eng Zort Béier déi hir Gärung spontan duech Hiefbazillen déi do an der Loft sinn, mécht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pajottenland – Biller, Videoen oder Audiodateien